Réckbléck: Kitzbühel 2022

Vum 7. bis den 9. Januar ware mir zu 27 LSM-Memberen an 8 Oldies op Kitzbühl fir eisen traditionelle Ski-Weekend. Freides huet et geheescht fréi opstoen, well mer moies um 7 mam Bus lass gefuer sinn. Zu Kitzbühl ukomm, ass et direkt op d’Piste gaangen, bzw fir en Deel als éischt nach an de Skiverleih. D’ Sonn huet eis och net méi liesen…

Réckbléck: Christmas Crawl 2021

Leschte Freiden huet de Christmas Crawl als Alternativ vun der Chrëschtfeier stattfonnt, déi jo huet misse wéinst de Corona-Mesuren a Bayern ofgesot ginn. An Gruppe vu bis zu 17 Leit konnten an engem Roulement 4 verschidde Wunnengen besicht ginn, mat jeeweils hirer eegener Thematik, wei z.b. am Stall bei de Rendéieren, bei den Engelen, oder beim Kleeschen an dem Houseker. Beim Kleesche gouf et dann och fir jiddereen ee Cadeau an en Shot, natierlech nëmmen, wann virdru fir de Kleesche gesonge gouf. Fir den Duuscht ze läsche gouf och gesuergt, dat mat genügend Glühwäin, méi liesen…

Réckbléck: Karlsruhe Intercercle

De 25. November waaren eng 14 LSM-Memberen zu Karlsruhe op Besuch bei eise Kolleege vum AELK fir un hirer Intercercle, de „Badische Meile, deelzehuelen. Ee grousse Merci un si fir de gelongenen Owend op dem een esouwuel Karlsruhe wéi och vill nei Leit kenne léiere konnt. Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun.

Réckbléck: Pubquiz an der Klenze 2021

Eisen extrem beléifte Wanter-Pubquiz an der Klenze konnt dëst Joer den Donneschden, den 18. November stattfannen. Mat 9 Equipe à 5 bis 6 Persoune war d’Motivatioun visiblement do, a mat den 2 Euro Participationskäschte war de Gewënnerpreis och deementspriechend héich. An 8 verschiddene Kategorien, wou de Wëssensstand ënnert anerem an Themen wéi Geographie, Sport oder awer och Desserten (!) op d’Prouf gestallt gouf, huet sech all Equipe méi oder heiansdo och manner gutt geschloen (a geroden). Nodeem d’Equipe „Eng méi liesen…

Réckbléck: AG Iessen 2021

De 6. November hunn mir eis Assemblée Générale Iessen nogeholl, nodeems d’AG un sech online iwwer Zoom ofgehale gouf. Mir hunn eis alleguer am Restaurant „35 milli(m)eter“ getraff, wou eng Ronn ze drénken op de Comité gaangen ass, an een 3 Gäng-Menü gouf, domat keen hongereg heem geet. Virum Dessert huet sech den neie Comité nach eng Kéier perséinlech um ale Comité bedankt fir d’Vertrauen, an als Merci goufen den ale Comitésmemberen en klenge Cadeau iwwerreecht. Nom offiziellen Deel war jidderengem frei iwwerlooss, den Owend sou ze gestalten, wei e wollt, an méi liesen…

Réckbléck: Welcome Day 2021

Den Samschden den 23. Oktober war et endlech Zäit fir eisen groussen Welcome Day. Ugefaangen huet alles mat engem Ersti-Brunch an den Augustiner Bräustuben, wou d’Motivatioun scho héich war, wat sech duerch déi grouss Participatioun vun den 50 Erstis ausgezeechent huet. No e puer Weisswürsten, Keisstelleren an engem Weissbier sinn mir dann gutt gestäerkt op den Odeonsplatz gaangen, wou scho eis LSM-Oldies op eis gewaart hunn. Bei ronn 120 Memberen gouffen dann d’Gruppen agedeelt, an d’Gruppeleaderen hunn hier Leit gebrieft an mat Béier versuergt. No der Gruppefoto ass méi liesen…

Réckbléck: Ersti-Pubcrawl 2021

Den 21. Oktober haten mir eist éischt Event fir dëst Wantersemester, den Ersti-Pubcrawl. Jiddereen, deen nei zu München ass, war agelueden, an hat déi éischt Méiglechkeet, déi aner Erstien, an den Comité, kennen ze léieren. D’Erstien hunn sech zesummen mam Comité um Odeonsplatz getraff, an opgedeelt an 4 Gruppen à 9 Erstien an 2 Comité-Memberen hunn se sech dann op den Wee gemaach, fir déi verschidden Caféen zu München ze entdecken. Den Pubcrawl gouf mat engem klengem Concours tëschent méi liesen…