Réckbléck: Student fir 1 Dag

En Dënschden, den 5. Abrëll, waren am Kader vum “Student fir 1 Dag” eng Partie PrimanerInnen (a future Erstien) ob Münche komm, déi sech fir e Studium an der wuel schéinste Stad vun der Welt interesséieren!


Fir si fir e Studium hei ze begeeschteren hate mir fir d’éischt emol eng zackeg Präsentatioun virbereet. Dobäi sinn se iwwert d’Stad München, seng Universitéiten, verschidde Studiegäng, Do’s and Dont’s beim Wunneng sichen an dem wuel wichtegste Grond fir ob München ze kommen, den LSM, informéiert ginn. (Gäre kennt och dir den LSM uschreiwe wann dir Infoen iwwer Studiegäng, Wunnengssich, etc. braucht)


Dono stoung natierlech en Iessen an engem Wiertshaus um Programm fir de SchülerInnen déi bayresch Kultur méi no ze bréngen. Wann d’PrimanerInnen net schonn no der Präsentatioun vu MUC iwwerzeegt waren, da spéitstens nom bayresche Béier.


Doropshi konnten d’SchülerInnen decidéieren un enger Visitt vun der TUM zu Garching oder vun dem LMU Haaptgebai an dem Stadzentrum deelzehuelen. Zum Schluss gouf sech dann nach fir ee leschte Patt am Café an der Uni getraff.
Fazit: All PrimanerIn dee mat war huet schonn eng LSM Memberskaart fir nächst Joer reservéiert.