Eventer

25

Mai

Beerpong-Trournoi

Léif LSM-Memberen, den dësjähregen Beerpongtournoi steet virun der Dir! 🍻 De 25. Mee um 15h ass et rem sou wäit an dir kënnt iech géint déi aner Studenten an enger vun den beléifsten Studentensportarten moossen. Ween dono wuel als éischt seng 10 Becheren getraff huet an als neie Meeschter Heem geet, gesi mir dann! 🏆…

31

Mai

Basecup 2024 zu Wien

Léif Memberen an Frënn, Den LSW, LSI an LSM organiséieren och dëst Joer erëm zesummen de BaseCup (Bavarian Austrian Sports Event). Dëse fënnt dës Kéier vum 31. Mee bis den 2. Juni zu Wien statt. Lass geet et Freides Owes, wou mir gemittlech zesummen an de Restaurant Zattl iesse ginn. Samschdes steet da wéi gewinnt…

08

Jun

Volleyball-Tournoi

De sportlechen Deel soll dëst Semester natierlech och rëm net ze kuerz kommen. Dofir organiséiere mir, wéi déi lescht Joren, eise Volleyballtournoi. Hei verbrénge mir zesummen e flotten Dag am englesche Gaart wou mir nieft dem Volleyball dat een oder anert kaalt Gedrénks genéisse kënnen. Zu dësem Event komme genau Detailer och nach no.

16

Jun

Daf

Eng Münchner Daf fir eis Erstie gouf et nach ni. Dëst Joer ass dat awer anescht. De 16.06. treffe mir eis, fir eng nei Traditioun an d‘Liewen ze ruffen. Hei kann all LSM-Member, egal wéi laang e schonn zu München studéiert, matmaachen a sech nodréiglech deefe loossen. Extra dofir gëtt een Dafcomité agestallt deen dëst…

22

Jun

Summerfräibéier

Nodeems eise Wanterfräibéier e vollen Erfolleg war, freeë mir eis op de Summerfräibéier. Dëse wäert den 22.06 stattfannen. Weider Informatioune kommen nach no.

29

Jun

Assemblée Générale 2024

Dat aktuellt Comitésjoer wäerte mer dann op eiser AG ofschléissen a nach eng Kéier en Revue passéiere loossen. Hei gëtt dann och den neie Comité fir d’Joer 24/25 gewielt. Infoen zu der AG kommen zu engem spéideren Zäitpunkt no.

05

Jul

De Studentebal 2024

Och dëst Joer ass den LSM erëm zesumme mam LSC an AVL, mat engem Comptoir um Studentebal vertrueden. Hei gëtt et nieft guddem Béier eisen traditionelle Blue-Seppl-Shot.

13

Jul

Grillen um Flaucher

Ee vun eise leschten Eventer am Summer ass eist Grillen um Flaucher. Traditionell grille mir hei mat genuch Iessen, Gedrénks an hoffentlech guddem Wierder all zesummen nieft der Isar um Flaucher, wou jiddereen op seng Käschte kennt. Haalt Iech dësen Dag fräi!