Den LSM

Waat ass den LSM?

D’Lëtzebuerger Studenten zu München, kuerz den LSM, sinn an Tëschenzäit gutt 200 Studenten. Gegrënnt gouf den LSM virun enger gudder Zäit vun enger Handvoll Studenten, déi eng Plattform ubidde wollten, wou sech Studente kenneléieren an austausche kënnen.

Traditionell soll de Cercle also Kontakter erméiglechen, Informatiounen ubidden a fir een ongezwongent Matenee suerge fir déi ëmmer méi grouss Gruppe vu Studenten, déi op München kommen. Nieft dësen Ziler probéiert eise Cercle natierlech och méi wéi de Standard-Programm unzebidden.

Den LSM bitt am Laf vum Joer eng ganz Partie Aktivitéiten an divers Reesen (Welcome Day, Skiweekend, Chrëschtfeier, etc.) un. Donieft kënnt och de sportlechen Aspekt mat Fussball, Volleyball a Basket net ze kuerz. 

2015 hu mir, mat groussem Erfolleg, déi éischt Oktoberfest-Intercercle, lancéiert a wäerten dat och an deenen nächste Jore bäibehalen. Heibäi handelt et sech em en Event wou Studenten aus de verschiddenste Stied zesummekommen an do souwuel d‘Staad an de Cercle wéi och nei Leit kenneléiere kennen.

Eis Käraktivitéit vum Joer ass allerdéngs de Münchner Bal op Ouschtersonndeg, deen ëmmer erëm e groussen Erfolleg ass an dee genuch Geld an d’Cercle-Kees spullt, fir dass mir de Memberen all dës Aktivitéiten ubidde kënnen.

Mat eise Partnerentreprisen organiséiere mir och reegelméisseg Soirées de Rencontre, wou een an ongezwongener Atmosphär d’Entreprise kenneléieren a Kontakter maache kann.

Et fënnt een eis och all Donneschde vun 21:00 un an eisem Stammcafé, der Klenze17, am beléifte Glockenbachviertel.

Aktivitéiten

Hei dann eng e bësse méi genau Beschreiwung vun deenen eenzelen Aktivitéiten.

Déi lescht Aktivitéit vum ale Comité ass d’Assemblée Générale. Si markéiert gläich-zäiteg den Ofschloss vum alen an den Ufank vum neie Joer. Hei gëtt fir d’éischt deen ale Comité offiziell opgeléist an duerno deen neie gewielt. 

Déi éischt Aktivitéit vum neie Comité ass traditionell d‘Grillen um Flaucher. Um Ufer vun der Isar gëtt bei guddem Wieder op Käschte vum LSM déi nei Legislaturperiod gestart.

Vu dass d‘Assemblée ëmmer relativ spéit am Summersemester stattfënnt ass dëst, nieft dem ACEL’s Bal, déi eenzeg Aktivitéit vum neie Comité an deem Semester. Um ACEL Studentebal ass den LSM natierlech och ëmmer mat engem Stand vertrueden, wou et zënter der Editioun vun 2017 den neie „Blue Seppl Shot“ ze kafe gëtt.

Um Ersti-Pubcrawl gëtt et en éischt Kenneléiere vun de neie Studenten an dem Comité. A klenge Gruppen entdeckt een hei de verschidde Baren a Caféë vu München, wou sécherlech och ëmmer den een oder anere Geheimtipp derbäi ass. 

Mëtt Oktober geet dann dat neit Wantersemester un, an domat stinn och erëm eng Rei Aktivitéite vum LSM um Programm, ugefaange mam Welcome Day. Kuerz nom Semesterufank geet et hei haaptsächlech drëm déi nei Studenten zu München z’ëmfänken an hinnen d‘Stad an den LSM ze presentéieren. Mee och déi, déi scho méi laang dobäi si kommen hei op hir Käschten. No engem Rallye mat verschiddene Statiounen an Aufgaben esou wéi Froebéi iwwert de ganze Mëtteg verdeelt, geet dann déi eigentlech Party un. No engem Iesse ginn nach divers Spiller gemaach, de Comité stellt sech fir an déi nei Memberen dierfen sech presentéieren. Dëst fënnt allerdéngs zum gréissten Deel ënner harmlose Konditioune statt an et wäert kee verschreckt ginn. Also zéckt net dorun Deel ze huelen an nei Leit kennenzeléieren. 

Mëtt November organiséiert d‘ACEL déi traditionell Foire de l‘Etudiant. Den LSM ass dann och hei mat engem Stand vertrueden, informéiert 1e an 2e Schüler an hofft der puer dovun dono zu München begréissen ze kënnen.

Ufank Dezember kënnt de Kleeschen op der traditioneller Chrëschtfeier op Besuch. No engem Pättche geet et dann an ee Restaurant. Wann den Honger da bis gestëllt ass, kënnt de Kleesche mat senge Geselle laanscht, a wee weess, vläicht hunn d‘Memberen sech jo geschéckt an et gëtt ee klenge Kaddo.

An der Chrëschtvakanz heescht et dann erëm: Feierdagsspeck lass ginn. Eng gutt Méiglechkeet duerfir bidd den Tournoi de Noël, deen d‘ACEL all Joër zesumme mat der LASEL organiséiert. Am Fussball, Basket an am Volleyball konkurréieren déi verschidde Cerclen, fir déi beschte Plaz ze beleeën. Natierlech huet och den LSM all Joer an all Sportaart eng Ekipp um Start. Am Virdergrond steet hei allerdéngs de Spaass an d‘Erëmgesi vun de Kolleegen aus anere Stied. Trotzdeem gëtt ëmmer jidderee säi Bescht a vläicht spréngt um Enn souguer eng Coupe fir München dobäi eraus. 

Am Joer 2012 goufen an dësem Kontext och d‘LSM Ultras an d‘Liewe geruff, déi an deenen Deeg fir vill Stëmmung gesuergt hunn an als éischte Fanclub vun dësem Tournoi an d‘Geschicht wäerten agoen.

Am neie Joer steet dann direkt den nächsten Highlight virun der Dir: De Ski-Weekend zu Kitzbühel. All Wanter organiséiert de Comité eng Rees op d‘Sonnalm zu Kitzbühel, ee klengen Hotel dee sech direkt nieft der Pist befënnt. Déi perfekte Plaz fir Mëttes Ski rsp. Snowboard fueren ze goen an Owes beim Après-Ski ongestéiert an der Schirmbar deen een oder anere Béierche genéissen ze kënnen. 

Ier et no eiser Semestervakanz am Fréijoer erëm zeréck op München geet steet awer nach dee wuel wichtegsten Datum fir den LSM um Programm, an zwar de Münchner Bal. Dëse fënnt traditionell op Ouschtersonndeg am Melusina statt. Mat guddem Augustiner Béier an traditioneller Tracht soll dëse Bal e bësse bayresch Atmosphär op Lëtzebuerg bréngen. Vill engagéiert Membere vum LSM schaffen hei Hand an Hand fir anere Studenten an och net-Studenten en flotten Owend z’erméiglechen.

Ier et no eiser Semestervakanz am Fréijoer erëm zeréck op München geet steet awer nach dee wuel wichtegsten Datum fir den LSM um Programm, an zwar de Münchner Bal. Dëse fënnt traditionell op Ouschtersonndeg am Melusina statt. Mat guddem Augustiner Béier an traditioneller Tracht soll dëse Bal e bësse bayresch Atmosphär op Lëtzebuerg bréngen. Vill engagéiert Membere vum LSM schaffen hei Hand an Hand fir anere Studenten an och net-Studenten en flotten Owend z’erméiglechen.

Den 1. Mee fënnt dann och all Joer de Wanderdag vum LSM statt, wou no engem gudde Weisswurstfrühstück d’Ausdauer vun eise Memberen en bëssen op d’Prouf gestallt gëtt.

D‘Highlight vum Summersemester ass awer d’LSM -Summerrees. De Weekend vu Christi Himmelfaart organiséiert de Comité all Joer eng Rees an eng europäesch Groussstad. Ob Budapest, Dublin oder Turin, den LSM huet an deene leschte puer Joer scho vill flott verlängert Weekender ausserhalb vu München verbruecht. Wouhin et geet bleift awer bis puer Woche virdrun ee Geheimnis vum Comité.

Du krus elo e globalen Iwwerbléck iwwert d‘Haaptaktivitéite vum LSM. Dat ass awer natierlech nach laang net alles: Fussball Sonndes Mëttes am Luitpoldpark esou wéi weider sportlech Aktivitéiten, Stammdësch Donneschdes Owes, Karting fueren, Schnéiballschluechten etc. 

Langweileg gëtt et engem am Wanter wéi och am Summer sécher net.

Da Seppl

De Seppl gehéiert zum LSM wéi de séisse Moschtert bei d’Weisswurscht.

Heen ass net nëmmen eist Maskottchen op all Zort vu Reesen, mee ass och a Liewengréisst um Münchner Bal erëmzefannen. An där Fonktioun huet hie scho villes matgemaach an ass och no enger Partie Verletzungen ëmmer nees méi staark zeréckkomm.

Nieft senger Aufgab als Maskottchen ass hien och zoustänneg fir d’Facebook- an Instagram-Kommunikatioun vum Comité, dofir sollt all LSM-Member mat him befreundet sinn.

Op Instagram ass hien ze fannen ënner: instagram.com/da_seppl_lsm/

LSM Brochür

Statuten