Sport

LSM – Sport

Och sportlech ass den LSM ganz aktiv. Virun allem Fussball an Volleyball gi während dem Semester bal all Woch ugebueden.

Am Wanter geet et do normalerweis an d‘SoccArena am Olympiapark fir de Fussball. Respektiv op den Indoor Roberto-Beach oder bei ZHS fir den Volleyball.

Am Summer ass den Fussballtreff dann ëmmer Sonndes an engem vun de Münchener Parks normalerweis am Luitpoldpark oder virun der Alter Pinakothek. Beachvolleyball kann um Rothof gespillt ginn.

Hei fënnt Kommunikatioun haaptsächlech duerch eise Sportminister iwwert de Facebook-Grupp LSM-Sport statt.

Tournoi de Noel

De 4. gréisste Sportsevenement hannert der Fussball-WM, Olympia an dem Tour de France ass dann wéi all Joer den Tournoi de Noël kuerz viru Chrëschtdag fir deen ëmmer motivéiert Fussball-, Volleyball- a Basketballspiller/inne gesicht ginn.