
D’Lëtzebuerger Studenten zu München, kuerz den LSM, sinn an Tëschenzäit gutt 200 Studenten. Gegrënnt gouf den LSM virun enger gudder Zäit vun enger Handvoll Studenten, déi eng Plattform ubidde wollten, wou sech Studente kenneléieren an austausche kënnen.
Traditionell soll de Cercle also Kontakter erméiglechen, Informatiounen ubidden a fir een ongezwongent Matenee suerge fir déi ëmmer méi grouss Gruppe vu Studenten, déi op München kommen. Nieft dësen Ziler probéiert eise Cercle natierlech och méi wéi de Standard-Programm unzebidden.
Aktuelles
Aktuell Informatiounen a Réckblécker vun eisen Events
Réckbléck Welcome Day
No engem leckere Brunch🥨 am „zum Franziskaner” sinn eis Erstien de 17. Oktober um Odeonsplatz op d’Oldien getraff.…

Réckbléck Ersti Pubcrawl
Dësen Donneschde 15. Oktober 2026 ass et fir eis Erstien an nei Studenten zu München op de Pubcrawl…
Réckbléck Klausurtagung
De Weekend vum 10. Oktober huet et den LSM-Comité fir d’Klausurtagung bis op Neufahrn verschloen.Zesummen a mat vollem…

Réckbléck Oktoberfest Intercercle
Ugefaangen huet eisen Intercercle mat engem Welcome Patt an eisem Stammcafe der @klenze_17 um Donneschdeg. Mat enger offréierter Welcome-Béier🍻 war…

Réckbléck REEL
Dëst Joer wor Münche rëm mat 12 motivéierte Memberen op der REEL zu Oochen dobäi! Thema vun dëser…

Réckbléck Fouer Stammdësch
Virun engem Mount huet et Donneschdes de 27. August eng gutt Partie LSMer an och zukünfteg Memberen op…
Eventer
Den LSM bitt am Laf vum Joer eng ganz Partie Aktivitéiten an divers Reesen (Welcome-Day, Stammdësch, Skiweekend, Chrëschtfeier, etc.) un.
Informatiounen
Traditionell soll de Cercle Kontakter erméiglechen, do dernieft bidden mir awer eng sëlleg Informatiounen un, virun allem vir nei Studenten zu München.
Comité
Hannert dem LSM stécht den LSM-Comité: En Team bestoend aus 9 Leit déi all Joers vun den Memberen op der Assemblée Générale gewielt ginn.
Sport
Nieft deenen normalen Eventer kënnt och de sportlechen Aspekt mat Fussball, Volleyball a Basket, wärend dem Semester net ze kuerz.
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.