Réckbléck Welcome Day

No engem leckere Brunch🥨 am „zum Franziskaner” sinn eis Erstien de 17. Oktober um Odeonsplatz op d’Oldien getraff. All d’Teamleader hu voller freet hier Ekipp begréisst an zesummen hunn si de ganzen Nomëtten alles gi fir Punkten ze sammelen.⭐️

Op 6 verschiddene Statiounen hunn d’Gruppe missten hir Leberschuss a Flunky Skills🍻 auspaken, bei engem Musik🎶- a Münchenquiz hiert Wësse beweisen, sech op Challenge bei ,,Mein Ersti kann” aloossen a sech ploen e Rouleau Toilettëpabeier🧻 mat engem Bengel ouni Hänn opzehiewen. Ënnerwee ass et och kenger Grupp langweileg gi mat Aktivitéite wei Memes nostellen, Fotochallenges📸 an Dönerspießen uschneiden😉.

Owes si mir dann nach all zesummen an den Donisl iesse gaangen an hunn den Owend an der Milchbar ausklénge gelooss🪩🍾.

Schlussendlech konnt sech de Grupp „Lucky Muh” duerchsetzen an huet déi éischt Plaz beluecht.🏆

E grousse Merci fir dëse flotte Samsden, mir hoffen dir sidd d’nächst Joer nees dobäi💙