Informatiounen

How to Ersti

Wichteg Informatiounen an Tipps vir nei Studenten zu München

Logement

Et ass an deene leschte Joren net méi einfach ginn, fir zu München eng Wunneng ze fannen. Am beschten ass et, et hëlt een sech direkt e puer Deeg Zäit fir op München ze fueren an direkt op der Plaz no Wunnengen ze sichen. Dat huet de Virdeel, dass ee Besichtegungsterminer fir den Dag selwer oder den Dag drop och kann unhuelen, wouduerch d’Chancen op eng Zouso natierlech klammen. Ausserdeem ass et vu Virdeel, wann een op eng Annonce telefonesch äntwert, well een op eng E-mail oft keng Réckmeldung kritt. Zousätzlech sollt een, falls méiglech, zesumme mat den Elteren op déi jeeweileg Besichtegunge goen (ausser et handelt sech em eng WG). Dat erhéicht nach emol d’Chancen, well et e besseren Androck mécht, a well déi bayresch Vermieter oft eng sougenannte “Bürgschaft” vun den Eltere verlaange fir sech ofzesécheren, falls du als Student de Loyer net méi kéints bezuelen. 

D‘Lëtzebuerger Studenten bezuele meeschtens tëscht 500 an 850 Euro de Mount. De Präis hänkt natierlech vun der Lag zu München of an ob een eleng oder an enger WG wunnt. Wichteg ass, net direkt bei der éischter Wunnengsofso ze verzweiwele mee haartnäckeg ze bleiwen, da klappt dat schonn. 

Hei sinn elo puer Ideeë wou ee kucke ka fir eng Wunneng ze fannen: 


Wichteg Internetsäiten :


Süddeutsche Zeitung (SZ) :

Freides ass ee groussen Immobiliendeel an der SZ. Wann een eng Chance wëll hunn, muss een d‘SZ schonn Donneschdes owes kafen (géint 18.30 Auer an der U-Bahn-Statioun um Marienplatz).  

Et kann een och direkt bei hinnen op der Internetsäit kucken : 

www.immobilienmarkt.sueddeutsche.de


Studentenwerk München :

Adress:

Leopoldstr. 15
D-80802 München (U3/ U6 Giselastr.)

Internetsait:

www.studentenwerk-muenchen.de/wohnen

D’Studentenwerk vermëttelt Zëmmeren a Studentenheemer wei z.B. déi an der Studentenstadt. Hei muss een allerdéngs oft e puer Semester waarde bis eppes fräi gëtt. Et kann een Eenzelwunnengen oder WG-Kummere kréien, déi vun der Gréisst hir zwar meeschtens zimmlech iwwersiichtlech, mat engem Präis vun ongeféier 300€/Mount waarm um Münchner Wunnengsmaart awer immens gënschteg sinn.

TIPP : Mell dech bis Mëtt Juli bei der Zimmerverlosung vum Studentenwerk un, fir och als Erstsemester eng Chance ze hunn, direkt an e Studentenheem ze kommen. 

D’Privatzimmervermittlung vum Studentenwerk vermëttelt och gënschteg Wunnengen a Kummere vu Privatleit. Des Offertë kann een op hirem Site awer just gesinn, wann een seng Immatrikulatiounsbescheinegung areecht. 


Schwaarz Brieder :

Déi befannen sech an de Kantinnen/Mensaen, entweder d‘Mensa vun der LMU an der Leopoldstr. 15 oder Mensa vun der TU an der Arcisstr. 17.

Einwohnermeldeamt (Openthaltsgeneemegung)

Jidderee muss säi Wunnsëtz beim Kreisverwaltungsreferat (KVR) umellen, soubal en zu München wunnt. Dofir huet en nëmmen zwou Wochen Zäit an et muss een sech am Viraus e Rendezvous op engem vun deene puer KVRs zu München huelen.

Dokumenter déi ee mathuele muss:

  • Carte d’Identitéit oder Pass
  • Wohnungsgeberbestätigung (kritt ee vum Vermieter)

Weider Informatiounen zu den Dokumenter an d’Adresse fannt der um Site vun der Stad München:
https://stadt.muenchen.de/service/info/wohnsitz-anmelden-oder-ummelden/1063475/n0/

Banken

Wann ee beim Einwohnermeldeamt war, kann een, wann een wëll, och e Kont bei enger Bank opmaachen. Eng gënschteg Méiglechkeet ass z.B. d‘Postbank oder Stadtsparkasse zu München, well een do keng sou héich zousätzlech Käschte bei der Iwwerweisung vu Lëtzebuerg op München huet.

Donieft ass d’Postbank Member vun der „Cash Group“, sou dass ee bei ville Banke keng Käschte beim Ophiewe muss bezuelen. Zu der “Cash Group” gehéieren d’Commerzbank, d‘Deutsche Bank, d’HypoVereinsbank an d’Postbank.

D’Unzuel u Cashgroup-Bankomaten ass allerdéngs genausou héich wei d’Unzuel u Bankomater vun der Stadtsparkasse, déi och e Bancomat zu Garching um TU-Campus huet.

Krankekees

Duerch d’Sozialversécherungsofkommes tëscht Däitschland a Lëtzebuerg, muss ee keng Versécherung zu München maache wann een an der CNS (Caisse nationale de santé – d’Gesondheetskeess) ass. Allerdéngs brauch ee fir d’Immatrikulatioun op der Uni eng Bestätegung, dass ee vun der gesetzlecher Krankeversécherung befreit ass. Sou eng Bestätegung kritt een op all gesetzlecher däitscher Krankekeess. 

Fir déi Bestätegung ze kréien brauch ee just eng Krankekeesskaart (Carte de la sécurité sociale), déi gülteg a ganz Europa ass.

Eng Krankekeess wou een zum Beispill kann higoen ass d’AOK.

Adress:

AOK
Landsberger Str. 150-152
D-80339 München
Tel.: (089) 54 44-0

Ëffentlechen Transport (MVV/MVG)

Säit Mee 2023 gëtt et an Däitschland de sougenannten Deutschlandticket („49-Euro-Ticket”), mat deem een a ganz Däitschland den ëffentlechen Transport (ausser EC, IC an ICE) benotze kann. Mat deem Ticket kann een dann natierlech och den ëffentlechen Transport am gesamten Netz vun der MVV (U-Bahn, S-Bahn, Tram a Bus) zu München benotzen.

Saït dem 1. September 2023 gëtt et a Bayern zousätzlech de sougenannten 29€-Ticket. Dëst ass en präislech reduzéierten Deutschlandticket fir d’Studenten, deen nëmmen 29€ pro Mount kascht. Domadder ass dat dann och déi bëllegst Optioun fir Studente fir den ëffentlechen Transport zu München (an am ganze Rescht vun Däitschland) ze benotzen.

Den 29€-Ticket kënnt der ganz einfach online bei der MVG bestellen an dann op ären Handy lueden. Dofir braucht der nëmmen:

  • Är aktuell Immatrikulationsbescheinigung*
  • En M-Login-Account

*Nom WiSe 23/24 wahrscheinlech net méi

Weider Informatiounen zum ëffentlechen Transport zu München fannt der online ënner mvg.de an mvv-muenchen.de.

Traget Lëtzebuerg-München

Déi meeschte Lëtzebuerger fuere mam Auto op München, well et eng vun deene bëllegsten Alternativen ass. Iwwert d’Autobunn sinn et ongeféier 560 Kilometer, woufir een am Duerchschnëtt 5-6 Stonne brauch. 

Falls du eng Matfuergeleeënheet brauchs, da besich eis Facebook-Grupp “LSM-Mitfahrgelegenheit”, do fënnt een ëmmer deen een oder aneren dee sech op de Wee fir op München respektiv Lëtzebuerg mécht. 

Mam Zuch kënnt een och ganz bequem op München. Hei muss ee fir d‘éischt mam Bus vu Lëtzebuerg op Saarbrécken fueren, wat ongeféier 1 Stonn dauert. Duerno geet et da mam Zuch iwwer Mannheim an ongeféier 4 ½ Stonn weider a Richtung München. Eemol den Dag gëtt et och eng direkt Verbindung. De Präis schwankt hei staark an ass ofhängeg dovunner wéi laang een am Viraus bucht. Wann ee fréi un ass, kann ee schonn Angeboter ab 29€ fannen.

Ausserdeem kann ee vun Tréier aus och mat der Busgesellschaft “Flixbus.de” op München fueren. Dat ganzt scho fir de Präis vun 22€, allerdéngs ass een hei och gutt 8 Stonnen ënnerwee. 

Mam Fliger brauch een eng knapp Stonn, allerdéngs muss ee mat arechnen, dass de Franz-Josef-Strauss-Fluchhafen 50 Minutte vum Stadzentrum entfernt ass. Wann ee fréi un ass, kritt een en Allez-Retour bei der Luxair oder der Lufthansa vun 99€ un. 

Rundfunkbeitrag („GEZ“)

Säit dem 1. Januar 2013 gëtt et d’GEZ (Gebühreneinzugszentrale) net méi, dat heescht elo Rundfunkbeitrag.

Dobäi handelt et sech ëm e Bäitrag fir déi ëffentlech rechtlech Sender (wéi ARD oder ZDF) deen ee bezuele muss. All „Haushalt“ muss (onofhängeg dovunner, wéi vill Leit an enger Wunneng liewen) pro Mount 18,36€ bezuelen. Leider stellt dat fir verschiddener, virun allem déi, déi net an enger WG oder Studentenheem wunnen, eng weider finanziell Belaaschtung duer.

No villen Efforte vun der ACEL kann een sech awer ënner Konditiounen elo och als Lëtzebuerger Student vum Rundfunkbeitrag befreie loossen. Beim Cedies kann een sech dofir e Formulaire ufroen, allerdéngs nëmme wann een och d’Bourse sociale kritt. Fir dee genauen Oflaf, kuckt um Site vun der ACEL: 

https://acel.lu/2017/02/09/how-to-befreiung-vum-rundfunkbeitrag/

Hei nach en interessanten Artikel zum Thema, inklusiv Musterbréiwer, fir d’Suen spéider erëm anzefuerderen: www.akademie.de/wissen/gez-rundfunkbeitrag-vorbehalt-anzeige


Fir weider Informatioune besich déi offiziell Säit vum „Rundfunkbeitrag“: www.rundfunkbeitrag.de

Internet/Fernseh/Telefon

All Student brauch natierlech Internet an dofir ginn et och genuch Méiglechkeeten. Et gëtt a präislecher Hisiicht eng grouss Auswiel.

Déi eng hu just Internet, anerer hunn Internet a Fernseh, oder souguer Internet, Fernseh an Haustelefon. Do muss dann natierlech jidderee fir sech kucke wat e wëll. An der Reegel muss een do och en Vertrag vun 2 Joer ofschléissen. Nëmmen Internet kann ee scho fir 10 bis 15€ de Mount kréien.

Am Beschten ass et, et vergläicht ee Präisser am Internet, zum Beispill bei :  

Elektresch

Fir dass een dann an senger neier Wunneng net am Däischtere sëtzt, brauch een natierlech och Elektresch. Hei huet een alt erëm eng riseg Auswiel u Stroumubidder zur Verfügung.

Eng Méiglechkeet wier zum Beispill den “M-Strom” vun de Stadtwerke München : 

Eng aner Méiglechkeet wier “Yello Strom” oder “e-on”, wou ee souwuel Stroum wei och Gas kritt:

Donieft ginn et awer natierlech nach vill aner Ubidder. Am beschte vergläicht een déi verschidde Präisser am Internet, wei z.B. op de Säiten :

oder op deenen eenzele Säite vun deene verschiddenen Ubidder.

ACEL – De Studenteguide

Universitéiten

Informatiounen iwwert d’Unien zu München

LMU

D’Ludwig-Maximilians-Universitéit München, 1472 zu Ingolstadt gegrënnt, ass vun der Studentenzuel hir eng vun deene gréissten däitschen Universitéiten.

Op insgesamt 18 Fakultéiten verdeelt, forschen an ënnerriichte ronn 700 Professeren an Professerinnen souwéi ongeféier 3.000 wëssenschaftlech Mataarbechter. Am Wantersemester 2015/16 waren op der LMU ronn 50.000 Studenten immatrikuléiert, vun deene bal 8.000 aus dem Ausland kommen.

D’Beléiftheet vun der LMU – net zulescht och ëmmer méi bei Lëtzebuerger Studenten – erklärt sech zu engem groussen Deel duerch dat villfältegt Fächerangebot, dat een an deem Mooss nëmmen op ganz wéinegen aneren däitschen Universitéiten fënnt. Aus engem Angebot vun 150 Studieméiglechkeeten a sëlleche Kombinatiounsméiglechkeeten kann ee
sech de perfekte Studium eraussichen.

Déi ronn 150 Studieméiglechkeeten decken ee breede Spektrum of, vu Kultur- a Rechtswëssenschaften iwwert Wirtschafts- a Sozialwëssenschaften bis hin zur Medezin an den Naturwëssenschaften. Just d’Ingenieurswëssenschafte sichteen hei ëmsoss.

Opgepasst op d‘Bewerbungsfristen :

  • Wintersemester : 15. Juli
  • Sommersemester : 15. Januar

Tel: 0049 / 89 2180-0

www.lmu.de

TUM

D’Technesch Universitéit München gouf 1868 als Polytechnesch Héichschoul vum bayresche Kinnek Ludwig II. gegrënnt. Eréischt 1970 krut si hiren aktuellen Numm.

D’TU München bitt 165 Studiegäng un, an ass a 14 Fakultéiten opgedeelt, mat ca. 40.000 Studenten, iwwer 540 Professeren a knapp 10.000 Mataarbechter.

Déi 14 Fakultéite sinn op 6 Campusse verdeelt a leie verstreet duerch ganz München an Ëmgéigend.

Den Haaptcampus läit am Stadzentrum an der Arcisstraße, wou sech d’Architekturfakultéit, d’Fakultéit fir Wirtschaftswëssenschaften, d’Ingenieursfakultéit (BauGeoËmwelt) an d’Fakultéit fir Elektro- an Informatiounstechnik befannen.

Ronn 30km wäit ewech vu München, zu Weihenstephan bei Freising, ass ee Wëssenschaftszentrum fir Ernährung, Land-notzung an Ëmwelt ënnerbruecht. 6 verschidde Studiefakultéite befanne sech an deem Wëssenschaftszentrum: Agrar- an Gaardebauwëssenschaften, Biowëssenschaften, Brau- an Liewensmëtteltechnologie, Ernäh-rungswëssenschaft, Forstwëssenschaft an Ressourcemanagement souwéi Landschafts-architektur a Landschaftsplanung.

Ausserdeem schafft déi eelste Brauerei vun der Welt „d’Bayerische Staatsbrauerei Weihen-stephan“ an enker Zesummenaarbecht mat der TUM.

Zu Garching sidelen sech ronderëm déi zwee Fuerschungsreakteren vun der TUM d’Fakultéite fir Physik, Chimie, Mathematik, Informatik a fir Geowëssenschaften un. Zousätzlech besetzt d’Fakultéit fir Maschinewiesen zënter 1997 eent vun
deene modernste Fuerschungsinstituter an Europa.


Opgrond vu Bauaarbechten am Olympiapark, ginn déi theoretesch Coursen vun der Fakultéit fir Sport- an Gesondheetswëssenschaften an der Lothstraße ofgehal. Déi praktesch Coursen fannen allerdéngs nach ëmmer an deem groussen
Sportkomplex am Olympiapark statt.

D’Fakultéit fir Lehrerbildung an Bildungs-fuerschung ass an
der Marsstraße ënnerbruecht.

Beim Studiegang Medezin ass et schonn e bëssen méi komplizéiert. Déi éischt Semesteren bis zum sougenannten „Physikum“ ass een duebel immatrikuléiert. Et ass een also op der LMU souwéi och op der TUM ageschriwwen. Duerno muss ee sech fir eng vun deenen zwou Unien entscheeden. Jee nodeem fir wéi eng Uni ee sech entscheed, ass een duerno an der Géigend vum Klinikum rechts der Isar (TUM) oder deelweis an der Innenstadt an deelweis am Klinikum Großhadern (LMU).

Opgepasst op d‘Bewerbungsfristen:

  • Wintersemester : 15. Juli
  • Sommersemester : 15. Januar

Tel: 0049 / 89 289 01

www.tum.de

Hochschule München

D’Héichschoul zu München ass déi gréissten Héichschoul fir ugewannte Wëssenschaften a ganz Bayern an déi zweetgréissten an Däitschland.

14 Fakultéiten aus de Beräicher Technik, Wirtschaft, Soziales an Design bidden eng Ausbildung an iwwer 70 verschiddene Studiengäng un.

Déi 14 Fakultéite verdeele sech op 3 verschidde Campussen.
De Campus an der Lothstraße ass dee gréisst vun deenen 3
an ass domat och den Haaptsëtz vun der Héichschoul.

Am Münchner Westen zu Pasing befannen sech zwou weider
grouss Fakultéiten: Betriebswirtschaft an ugewannte Sozialwëssenschaft.

Deen drëtte Campus läit an der Karlstraße an der Géigend
vum Karlsplatz (Stachus) am Zentrum vu München. D’Fakultéiten fir Architektur, Bauingenieurswiesen a Geo-informatioun sinn hei ënnerbruecht.

500 Professeren an Professerinnen souwei 660 Mataarbechter betreien déi ronn 17.500 Studenten.

Duerch dat am Studium integréiert Praxis-semester kënnen
d’Studente scho fréi Firmekontakter opbauen, souwéi wäertvoll Beruffserfahrung sammelen. Do ass et fir d’Studenten vun Virdeel, dass d’Héichschoul München mat ville lokale bis internationalen Entreprisen vernetzt ass.

Tel: 0049 / 89 12 65 – 0 (Telefonvermittlung)
Tel: 0049 / 89 12 65 – 1121 (Studienberatung)

www.hm.edu

Aner Unien
Zentraler Hochschulsport München

D’ZHS ass déi perfekte Méiglechkeet fir sech niewent dem Studium e bëssen ze beweegen a fir bei deem deftege bayreschen Iessen e bëssen a Form ze bleiwen. D’ZHS ass mat iwwer 90.000 Studenten an iwwer 15.000 aktive Participante pro Semester déi gréissten Héichschoulsportariichtung a ganz Däitschland.

Ausserdeem ass bei iwwer 600 Eenzel-veranstaltunge pro Semester an iwwer 100 verschiddene Sportangeboter fir jiddereen eppes dobäi. Do kann ee vun Aerobic iwwer Fussball an Kanufueren bis hin zu Ënnerwaasserhockey alles maache wat d’Häerz begiert.

D’Sportanlagen um TU Campus am Olympiapark bidden als fréiert Olympia-gelände déi perfekte Viraussetzunge fir déi sportlech motivéiert Studenten. Op där ronn 45 ha grousser Anlag befanne sech ënner anerem 11 Sportshalen, eng Fräisportanlag mat 15 Fussballsterrainen, ronn 20 Beachvolleyballsterrainen, engem Klotertuerm, enger Tennisanlag mat 22 Terrainen an enger Golfübungsanlag.

Ausserdeem steet engem nach den Trainingsbaseng vun der Olympiaschwämm zur Verfügung, souwéi d’Waasersportplaz um Starnberger See (Segelen, Surfen), d’Olympia-RegattaAnlag (Kanu, Rudderen) zu Oberschleißheim, an natierlech d’bayresch Alpen fir den Bierg- an Wantersport – ee besonnege Standortvirdeel vu München.

Fir de Präis vun 7,50 € d’Semester, dierf ee sech dat net entgoe loossen.

Fir weider Informatioune souwéi fir dat komplett Sportangebot besicht de Site :

www.zhs-muenchen.de

München

E puer Informatiounen an Tipps zu München selwer

Weltstadt mit Herz

München, déi drëtt gréisste Stad an Däitschland direkt virun den Alpen an un der Isar, ass d’Stad vun de Géigesätz. Op der enger Säit kennt ee München als Weltstad, wou sech international renoméiert Firmen niddergelooss hunn a sech doheem fillen. Eng Stad wou d’Wirtschaft floréiert a wou een typescht Groussstadliewen herrscht. München ass donieft d’Heemecht vun zwou Elite-Universitéiten, der LMU an der TUM. Si bidden nieft der Héichschoul an allen aneren Universitéiten dem Student eng enorm grouss Auswiel u Fächer, déi engem eng optimal Basis fir dat spéidert Beruffsliewe mat op de Wee solle ginn.

Op der anerer Säit ass d’Landeshaaptstad vu Bayern bekannt fir déi typesch „bayrische Gemütlichkeit“ a fir hir héich Liewensqualitéit, an dofir ass München zurecht d’Lieblingsstad vun den Däitschen. Top Viraussetzungen also fir een optimale Studium, an deem nieft deem ville Léieren dat typescht Studenteliewen net ze kuerz kënnt. Iwwer 100.000 Münchener Studente profitéieren nieft deene ville Restauranten, Baren an Discoe vun der noer Natur a vun deene bis iwwert d’Grenzen eraus bekannten traditionell bayresche Béiergäert. Parken, Bëscher, Séien an d’Alpen si virun der Dier a suerge fir een optimaalt Gläichgewiicht zwësche Groussstad an Natur. München mécht d’Studienzäit zu engem eenzegaartegen Erliefnis an huet scho méi wéi ee Lëtzebuerger nom Studium net méi goe gelooss.

Wat muss ee gesinn hunn

Wann een u München denkt, dann denkt een natierlech un d’Oktoberfest, d’Hofbräuhaus an un den FC Bayern München. Allerdéngs ginn et nach eng Rëtsch aner Saachen, déi dës Stad sou attraktiv fir d’Studente mécht. 

Den Englesche Gaart, ee vun deene gréisste Parke vun der Welt, ass eng perfekt Plaz fir sech vum heiansdo stressegen Unisliewen ze erhuelen. Direkt nieft dem Haaptgebai vun der LMU geleeën, kann een sech hei am Eisbach dreiwe loossen, oder d’Surfer bestaunen, déi sech hei zu all Joreszäit an d’Welle woen. 

Bekannt fir säi südlännesche Flair ass de Gärtnerplatz, de Mëttelpunkt vum sougenannte Szenevéirel Glockenbach. Hei kann een am beschten novollzéien, firwat München „die nördlichste Stadt Italiens“ genannt gëtt. Hei treffen sech jonk Leit fir zesummen ze feieren, ze sangen an natierlech och een ze drénken. Et kënnt net seele vir, dass een Donneschdes hei deen een oder aneren LSM’ler trëfft, deen nom Stammdësch nach net midd genuch fir säi Bett war. 

Op der Münchner Freiheit, der Haaptplaz vum Staddeel Schwabing, gëtt et engem owes sécher net langweileg. Ob Restauranten, Baren oder Discoen, hei ass fir jiddereen eppes dobäi. Legendär ass d’Schwabinger 7, a Lëtzebuerger Kreesser och „Schwabsi“ genannt. Och wann se wéinst enger net explodéierter Bomm aus dem 2. Weltkrich huet misste virun e puer Joer an d’Nopeschhaus plënneren, sou huet se relativ wéineg vun hirem ale Charme verluer. Ëmmer eng gutt Alternativ, wann ee soss net weess wou een owes spéit nach soll higoen. 

Vill grouss Manifestatiounen, vu Coldplay bis hin zu den XGames, fannen am Olympiapark statt. Awer och soss ass et ni verkéiert, bei guddem Wieder e puer Stonnen hei ze verbréngen. Besonnesch déi exzellent Vue iwwer München vum Olympiabierg sollt een sech net entgoe loossen. Falls et engem dach langweileg gëtt, da kann een sech an der BMW-Welt direkt donieft déi neiste Modeller ukucke goen. 

Iwwert d’Grenze raus bekannt ass München natierlech fir seng sëllege Béiergäert. Mat typesch bayrescher Musek an engem gudde „Münchner Helles“ verbréngen d’Münchner gären hir Nomëtteger hei. D’Iesse kann een hei iwwregens vun doheem matbréngen. Am bekanntsten ass hei sécher de „Chinesischer Turm“, dee bei de Münchner allerdéngs éischter als Touristenattraktioun verpönt ass. Scho méi beléift sinn zum Beispill d’Seehaus oder de Béiergaart am Hirschgarten. 

E Kajo Béier an e Grill, vill méi brauch een net, fir am Summer e gemittlechen Owend um Ufer vun der Isar ze verbréngen. Virdeel par Rapport zu deenen anere Plazen: Hei brauch ee keng Killtäsch, vu dass d’Isar an de Bierger entspréngt an sou als ideale Frigo duerhält. Déi beléiftste Plaz ass d’Insel „Flaucher“, wou een och mol gäre bis an d’Nuecht eran hänke bleift. Hei fënnt och all Joer d’Grillfest vum LSM statt. 

Ween sech un engem fräie Summerdag aus München raus wëll woen, deem soll gerode sinn, sech op een vun deenen no geleeëne Séien Ammersee oder Starnberger See ofkillen ze goen. Hei kënnt ee souguer mat der S-Bahn hin. Wat een op sou engem Séi ka maachen, brauche mer dir jo wuel net z’erzielen. 

Wiem elo en Trip op de Séi ze roueg ass, an op der Sich no enger Party ass, dee wäert zu München och sécher eppes fannen. Sief et elo den Neuraum deen direkt mat 5 Raim an d‘Renne geet, de Pacha, d‘089-Bar oder déi legendär Milchbar. Ganz vill aner Clibb suergen dofir, datt fir jiddereen eppes dobäi ass, ob een elo am Willenlos säi Portemonnie schounen oder seng Shots gären aus Reagenzglieser am Labor drénke wëll.

Wat gëllt et net ze verpassen?

Enn September ass München am Ausnamezoustand, et ass Oktoberfest. Hei dréint sech alles ëm Lederhosen, Dirndlen, Liewkuchhäerzer an natierlech ëm de Béier. Wärend gutt 2 Woche besiche méi wéi 6 Millioune Leit dat gréisste Volleksfest vun der Welt. Well sech dëst op der Theresienwiese ofspillt, gëtt et bei de Münchner éischter „Wiesn“ genannt. 7,3 Millioune Liter Béier goufen 2019 verkaaft. Den LSM organiséiert all Joers eng Intercercle um Oktoberfest, bei där Studenten aus anere Cerclen d’Méiglechkeet kréien de Münchner Béier ze schmaachen. 

Zwee mol am Joer gëtt zu München den Tollwood-Festival organiséiert. De Wanter-Tollwood ass ëmmer wärend der Adventszäit op der Theresienwiese, wärend de Summer Tollwood am Juni/Juli am Olympiapark ass. Dëse Festival ass haaptsächlech doduerch bekannt datt en ënnert dem Motto vun der Ëmweltfrëndlechkeet an Nohaltegkeet steet. Hei kann een e bësse méi „alternativ“ Produiten entdecken, souwuel kulinaresch ewéi och op klenge Stänn, wou ee vum Regenmacher bis zum Räucherstäbchen alles kafe kann. Bei där Geleeënheet organiséiert den LSM dann och all Joer souwuel am Summer wéi och am Wanter ee Stammdësch um Tollwood-Festival. 

Mëtt Abrëll ass op der Theresienwiese wärend zwou Wochen d’Frühlingsfest, och bekannt als déi „kleng Wiesn“. Hei gëtt et usech alles wat et och um richtegen Oktoberfest gëtt, just eben an enger anerer, et kann ee wuel duerchaus soe méi heemlecher Dimensioun. Dëst Volleksfest ass generell méi gemittlech a méi entspaant wéi säi grousse Brudder, a genee dowéinst ass den LSM och hei ëmmer op engem Stammdësch present. 

Wärend der Chrëschtzäit gëtt et zu München gefillt op all Eck ee Christkindlmarkt. Dee bekanntsten, awer deementspriechend och touristeschsten, ass um Marienplatz an zitt sech usech queesch duerch déi ganz Foussgängerzon bis op de Stachus, wou och eng léif Schlittschongpist opgeriicht gëtt. Ee vun dëse Chrëschtmäert sollt een op alle Fall besichen an dovunner profitéieren, fir mat Frënn a Kolleegen eng Taass Glühwäin ze drénken.

E puer Insidertipps

Den Augustiner ass warscheinlech dee beléiftste Béier ënnert de Münchner Studenten an och generell bei der lokaler Bevëlkerung. Dëse gëtt, genee wéi vill aner Marken, och an de sëllege Béiergäert zu a ronderëm München gezaapt a genoss. Generell kënnt ee souwisou schwéier laanscht de gudde Münchner Béier, wann een an dëser schéiner Stad studéiere wëll. 

Matten am Häerze vum Glockenbachvéierel gëtt et een Imbiss, an deem wuel déi meescht Münchner Studente fréier oder spéider eng Currywurscht iesse fir sech entweder op eng laang Nuecht virzebereeden oder se ofzeschléissen. Et kann ee wuel behaapten datt de Bergwolf schonn eng Aart Institutioun a Saachen Imbiss-Iessen ass. 

Net nëmme bei TU-Studenten beléift ass de Café Vorhoelzer Forum um Daach vum TU-Haaptgebai an der Arcisstraße. Op dëser Terrass kann een a senger Mëttespaus d’Vue iwwert ganz München genéissen a bei guddem Wieder huet een och en herrleche Panorama mat de Bierger am Hannergrond. (Am Moment ass de Café Vorhoelzer zou.)

An engem Hörsaal um TU-Stammgelände kann ee sech all Dënschdes Owes am TU-Kino al an nei Filmer fir wéineg Geld a bei gudder Atmosphär ukucken. 

A fir all déi sportbegeeschtert ënnert iech huet München och méi wéi genuch ze bidden. Nieft dem Münchner Fussballtempel, der Allianz Arena, gëtt och nach a villen anere Sportaarten Ënnerhalung op héchstem Niveau gebueden. Hei kann een zum Beispill nach den Äishockey an de Basket ervirhiewen, déi momentan och zimmlech virbäi matspillen. 

D’Äishockey-Equipe vum EHC Red Bull München spillt säit der Saison 2010/11 an der DEL, der héchster däitscher Liga, an ass 2015/16 souguer däitsche Meeschter ginn. Als Student kann ee schonn ab 13 € déi spektakulär Matcher an den Olympia-Äisstadion, deen an der Géigend vum Olympiatuerm läit, kucke goen. Meeschtens ginn et souguer nach Ticketen an der Oweskeess, falls een eng Kéier spontan ee Match wëll kucke goen. 

Mam FC Bayern Basketball spillt nach eng Equipe aus München an der éischter Liga mat. Hir Heemmatcher spillen se am nei renovéierten Audi Dome um Heimeranplatz. Mat e bësse Chance begéint een hei och mol gären deen een oder anere bekannte Fussballspiller vu Bayern München. Als Student kritt een hei schonn Tickete fir den Präis vu 7 € (Stéiplaz). Fir eng Sëtzplaz muss ee mat engem Präis vu bis zu 30€ rechnen.

An Zuelen
Eckdaten vun der Landeshauptstadt :
Durchschnëttlech Héicht519m iwwert dem Mieresspiegel
Fläch310,71 km²
Grënnungsjoer1158
Stadandeelung25 Stadbezirker
Klengsten: Schwanthalerhöhe (8)
Gréissten: Aubing-Lochhausen-Langwied (22)
Stadgrenzen
(gréisst Ausdehnung)
Nord no Süd: 20,7 km
Ost no West: 26,9 km
Distanz op Lëtzebuerg (Stad)528km iwwert d’A8 (5h 30min Fuerzäit)
Verwaltung :
OberbürgermeisterDieter Reiter (SPD)
2. und 3. BürgermeisterKatrin Habenschaden (Grüne)
Verena Dietl (SPD)
Virwahl089 (aus dem Ausland: +49 89)
Postleitzuelengebitt80331 – 81929
Bevölkerung :
Awunnerzuel1.561.094   (Stand : 31.03.2021)
Geburten 202017.593   (2019 : 17.509)
Schüler Schouljoer 2018/19128.327
Studenten WS 2018/19131.052   (WS 2017/18: 127.497)
Tourismus :
Iwwernuechtungen 2020ronn 6,8 Milliounen (2019 : 18,3 Milliounen)
Ëmsatz am Tourismusca. 8,3 Milliarden € pro Joer
Oktoberfest 2019 :
Wiesnbesicher6,3 Millionen
Béierkonsum7,3 Millionen  Maß
Verzehr124 Ochsen 29 Kälber
Arbechtsplaatzen12’000 (8’000 fester an 4’000 wiesselnd)
Gastronomie95 Betrieber dovun 35 mat Setzplatzen (insgesamt ca. 107.000 Sëtzplaatzen) dovun 14 grouß an 14 kleng Zelter
Gréissten ZeltHofbräuzelt mat 11.000 Sëtzplaatzen

Divers

Weider Informatiounen

Facebook :


Luxemburger Verein München :

Website : http://www.luxvmuc.de/


Luxemburgische Botschaft :

Adress :

Klingelhöferstraße 7
D-10785 Berlin

Tel : +49 (0)30-263 95 70

E-Mail : [email protected]


Honorarkonsulat vum Groussherzogtum Lëtzebuerg an Däitschland (Bayern)

Adress :

Här Axel Gränitz
Honorarkonsul
c/o chicco di caffè, Campus „neue Balan“
St.-Martin-Straße 106
D-81669 München

Tel. : +49 89 812 60 60

E-Mail : [email protected]

Ëffnungszäiten : Dë-Fr: 13.00 bis 15.00 Auer


Association des Cercles d’Etudiants Luxembourgeois (ACEL) :

Adress :

2, avenue de l’Université
L-4365 Esch-sur-Alzette

Tel : + 352 091 420 539

Website : www.acel.lu

E-Mail : [email protected]