Réckbléck: LSM Anniversaire 20 Joer

De 15. Abrëll huet de LSM seng offiziell 20 Joer gefeiert, dat an der Big Beer Company an de Klausen. Fir dëst ze erméiglechen, hunn sech e puer motivéiert Ex-Presien zesumme gesat, an hir Fühleren an all Richtungen ausgestreckt, fir sou vill wéi méiglech (Ex)-LSM Memberen ze fannen an ze invitéieren.


Um Owend selwer hate mir dann och en gesonde Mix vun Oldies aus de verschiddenste Joergäng. Sou hunn sech vill bekannt Gesiichter rëm fonnt, an awer och deen een oder aneren neie Kontakt ass entstanen. Bei engem 3-Gänge-Buffet, enger Open-Bar, an engem klengem München Quiz konnt e sou vill iwwert dat vergaangent Studenteliewen erzielt ginn.


Unhand vum Succès vun dësem Anniversaire si mer eis sécher, dass en den nächste Joren e weideren Anniversaire wäert stattfannen, dorop freeë mir eis lo schonn, a mir soen am Numm vum Comité Merci un den Äender, Laurent, Pit, Michel, Lou, Jerry, Sven, an de Gianni fir d’ Organisatioun, an och e grousse Merci un jiddereen dee laanscht komm ass!