Réckbléck: Münchner Bal 2022

No 2 Joer Paus konnte mir um Ouschtersonndeg endlech rëm de Münchner Bal am Melusina feieren! An d’Motivatioun war definitiv do, wat een engersäits un den Ticketen erkannt huet, déi ganz schnell ausverkaf waren, an anersäits um spektakuläre Béierkonsum, dee souguer eis iwwerrascht huet! Fir déi mega Stëmmung huet och den DJ Nosi gesuergt, dee bis spéit an den Owend eis Ouere mat engem decke Bass begléckt huet.

Mir soe villmools Merci un all eis Helfer, déi eis um Owend selwer wierklech ganz vill gehollef hunn, an natierlech jiddereen, den op eise Bal komm ass, a mir hoffen, iech nächst Joer alleguer rëm ze gesinn!

Fotoen vum Eldoradio:

https://www.eldo.lu/events/fotoen/9889.html

Fotoen vum Fotoeck, Merci un den Louis Ewen:

https://drive.google.com/drive/folders/1pMIiS28XyMgnKxhODu1JQGGU617v5Qn8?usp=sharing