Zum Inhalt springen

November 2021

Réckbléck: Karlsruhe Intercercle

  •  

De 25. November waaren eng 14 LSM-Memberen zu Karlsruhe op Besuch bei eise Kolleege vum AELK fir un hirer Intercercle, de “Badische Meile, deelzehuelen. Ee grousse Merci un si fir de gelongenen Owend op dem een esouwuel Karlsruhe wéi och vill nei Leit kenne léiere konnt. Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun.

Réckbléck: Pubquiz an der Klenze 2021

  •  

Eisen extrem beléifte Wanter-Pubquiz an der Klenze konnt dëst Joer den Donneschden, den 18. November stattfannen. Mat 9 Equipe à 5 bis 6 Persoune war d’Motivatioun visiblement do, a mat den 2 Euro Participationskäschte war de Gewënnerpreis och deementspriechend héich. An 8 verschiddene Kategorien, wou de Wëssensstand ënnert anerem an Themen wéi Geographie, Sport oder awer och Desserten (!) op d’Prouf gestallt gouf, huet sech all Equipe méi oder heiansdo och manner gutt geschloen (a geroden). Nodeem d’Equipe „Eng Tornado strikes again“ sech de Punkt fir beschten Equippennumm geholl huet, hunn si och zum Schluss vum Owend ganz knapp déi 1. Platz gewonnen. Ganz spannend war et och beim Kampf fir déi zweetlescht Platz, wou réischt ganz um Enn eng… Weiterlesen »Réckbléck: Pubquiz an der Klenze 2021

Réckbléck: AG Iessen 2021

  •  

De 6. November hunn mir eis Assemblée Générale Iessen nogeholl, nodeems d’AG un sech online iwwer Zoom ofgehale gouf. Mir hunn eis alleguer am Restaurant „35 milli(m)eter“ getraff, wou eng Ronn ze drénken op de Comité gaangen ass, an een 3 Gäng-Menü gouf, domat keen hongereg heem geet. Virum Dessert huet sech den neie Comité nach eng Kéier perséinlech um ale Comité bedankt fir d’Vertrauen, an als Merci goufen den ale Comitésmemberen en klenge Cadeau iwwerreecht. Nom offiziellen Deel war jidderengem frei iwwerlooss, den Owend sou ze gestalten, wei e wollt, an sou ass et da fir deen een oder aneren nach eng laang Nuecht am Münchner Nuetsliewe ginn.

Réckbléck: Welcome Day 2021

  •  

Den Samschden den 23. Oktober war et endlech Zäit fir eisen groussen Welcome Day. Ugefaangen huet alles mat engem Ersti-Brunch an den Augustiner Bräustuben, wou d’Motivatioun scho héich war, wat sech duerch déi grouss Participatioun vun den 50 Erstis ausgezeechent huet. No e puer Weisswürsten, Keisstelleren an engem Weissbier sinn mir dann gutt gestäerkt op den Odeonsplatz gaangen, wou scho eis LSM-Oldies op eis gewaart hunn. Bei ronn 120 Memberen gouffen dann d’Gruppen agedeelt, an d’Gruppeleaderen hunn hier Leit gebrieft an mat Béier versuergt. No der Gruppefoto ass dann d’Rallye duerch München lassgaangen. Op verschiddenen Statiounen an der Stad missten déi verschidden Gruppen Spillercher absolvéieren, fir Punkten ze kréien, an fir Owes als Gewënner do ze stoen. Sou missten zum Beispill am Engleschen Gaart d’Erstis hier Fäegkeeten bei verschiddenen Minispiller beweisen, um Geschwister-Scholl-Platz goufen d’kulinaresch Kenntnisser op d’Prouf gestallt, an… Weiterlesen »Réckbléck: Welcome Day 2021

Réckbléck: Ersti-Pubcrawl 2021

  •  

Den 21. Oktober haten mir eist éischt Event fir dëst Wantersemester, den Ersti-Pubcrawl. Jiddereen, deen nei zu München ass, war agelueden, an hat déi éischt Méiglechkeet, déi aner Erstien, an den Comité, kennen ze léieren. D’Erstien hunn sech zesummen mam Comité um Odeonsplatz getraff, an opgedeelt an 4 Gruppen à 9 Erstien an 2 Comité-Memberen hunn se sech dann op den Wee gemaach, fir déi verschidden Caféen zu München ze entdecken. Den Pubcrawl gouf mat engem klengem Concours tëschent den eenzelnen Gruppen verbonnen, an zum Schluss hunn mir eis alleguer an eisem Stammlokal, der Klenze 17 rëm getraff, woubäi déi eng oder aner Grupp en klengen Retard hat… Do gouf dann och d’Gewënnergrupp  vum… Weiterlesen »Réckbléck: Ersti-Pubcrawl 2021

Réckbléck: Studentebal 2021

  •  

De 24. September war no engem Joer Paus rëm Zäit fir de Studentebal, organiséiert vun der ACEL. Tatsächlech war et dëst Joer déi 20. Editioun vum Studentebal. Unhand vum CovidCheck-Prinzip konnte ronn 2.000 Leit de Bal besichen. Insgesamt 22 Cercle ware vertrueden, 21 hunn hier Spezial-Drinks verkaf, an ee Cercle huet sech em de Grill gekëmmert. Um DJ-Pult souzen den Dasic an den DJ Nosi. Zesumme mat de Kölner (LSC) an den Oochener (AVL) hu mir eisen ee Comptoire gedeelt. Natierlech war mir erëm mat eisem Spezial-Drink, dem Blue Seppl Shot, um… Weiterlesen »Réckbléck: Studentebal 2021