Réckbléck: Pubquiz an der Klenze 2021

Eisen extrem beléifte Wanter-Pubquiz an der Klenze konnt dëst Joer den Donneschden, den 18. November stattfannen. Mat 9 Equipe à 5 bis 6 Persoune war d’Motivatioun visiblement do, a mat den 2 Euro Participationskäschte war de Gewënnerpreis och deementspriechend héich.

An 8 verschiddene Kategorien, wou de Wëssensstand ënnert anerem an Themen wéi Geographie, Sport oder awer och Desserten (!) op d’Prouf gestallt gouf, huet sech all Equipe méi oder heiansdo och manner gutt geschloen (a geroden).

Nodeem d’Equipe „Eng Tornado strikes again“ sech de Punkt fir beschten Equippennumm geholl huet, hunn si och zum Schluss vum Owend ganz knapp déi 1. Platz gewonnen.

Ganz spannend war et och beim Kampf fir déi zweetlescht Platz, wou réischt ganz um Enn eng Schätzfro de Verléierer konnt bestëmmen. Domat huet d’Ersti-Equipe déi zweetlescht Platz kritt, wat mat enger Ronn Shots gesponsert vum Comité belount gouf.

Insgesamt hate mir ee flotten Owend, a soe jidderengem Merci fir déi super Stëmmung!