Réckbléck: AG Iessen 2021

De 6. November hunn mir eis Assemblée Générale Iessen nogeholl, nodeems d’AG un sech online iwwer Zoom ofgehale gouf. Mir hunn eis alleguer am Restaurant „35 milli(m)eter“ getraff, wou eng Ronn ze drénken op de Comité gaangen ass, an een 3 Gäng-Menü gouf, domat keen hongereg heem geet. Virum Dessert huet sech den neie Comité nach eng Kéier perséinlech um ale Comité bedankt fir d’Vertrauen, an als Merci goufen den ale Comitésmemberen en klenge Cadeau iwwerreecht.

Nom offiziellen Deel war jidderengem frei iwwerlooss, den Owend sou ze gestalten, wei e wollt, an sou ass et da fir deen een oder aneren nach eng laang Nuecht am Münchner Nuetsliewe ginn.