Réckbléck: Welcome Day 2021

Den Samschden den 23. Oktober war et endlech Zäit fir eisen groussen Welcome Day. Ugefaangen huet alles mat engem Ersti-Brunch an den Augustiner Bräustuben, wou d’Motivatioun scho héich war, wat sech duerch déi grouss Participatioun vun den 50 Erstis ausgezeechent huet. No e puer Weisswürsten, Keisstelleren an engem Weissbier sinn mir dann gutt gestäerkt op den Odeonsplatz gaangen, wou scho eis LSM-Oldies op eis gewaart hunn. Bei ronn 120 Memberen gouffen dann d’Gruppen agedeelt, an d’Gruppeleaderen hunn hier Leit gebrieft an mat Béier versuergt. No der Gruppefoto ass dann d’Rallye duerch München lassgaangen.

Op verschiddenen Statiounen an der Stad missten déi verschidden Gruppen Spillercher absolvéieren, fir Punkten ze kréien, an fir Owes als Gewënner do ze stoen. Sou missten zum Beispill am Engleschen Gaart d’Erstis hier Fäegkeeten bei verschiddenen Minispiller beweisen, um Geschwister-Scholl-Platz goufen d’kulinaresch Kenntnisser op d’Prouf gestallt, an bei den Pinakotheken misst een Hindernisparkour op eng ganz speziell Aart an Weis absolvéiert ginn.

Fir ennerwee tëschent den Statiounen gouf et och e puer Aufgaben, wie zum Beispill eng menschlesch Pyramid opstellen oder eng Foto mat der Police machen.

Owes hunn sech d’Gruppen dann alleguer op der Theresienwiese getraff, fir een lescht Spill ze machen, ier et dann als Ofschloss an den Speiselokal Lenz gaangen ass. Hei gouf d’Gewënnergrupp annoncéiert, wou d’Gruppeleaderen den Sven Bettendorf an den Michel Mertens waren. Hieren Grupp kann sech op eng Gratis Entrée op den neechsden LSM-Fräibéier freeën. Den Dag ass dann gemittlech mat engem 3-Gänge Buffet a mat deem engem oder aneren Gedrénks ausklénge gelooss ginn.

Mir sinn extrem Dankbar fir déi exzeptionell grouss Participatioun, an mir freeën eis lo scho op déi nächst Eventer, déi mir fir iech virgesinn hunn!