Réckbléck: Karlsruhe Intercercle

De 25. November waaren eng 14 LSM-Memberen zu Karlsruhe op Besuch bei eise Kolleege vum AELK fir un hirer Intercercle, de „Badische Meile, deelzehuelen.

Ee grousse Merci un si fir de gelongenen Owend op dem een esouwuel Karlsruhe wéi och vill nei Leit kenne léiere konnt.

Mir freeën eis schonn op déi nächst Editioun.