Zum Inhalt springen

Juni 2022

Réckbléck: BASE Cup

Vum 20. bis den 22. Mee huet dann och déi éischt Editioun vum BASE-Cup (säitdeem Béis-Cup genannt) stattfonnt. Zesumme mat dem Comité vun Innsbruck a Wien huet eise Sportminister e sportleche Weekend ob d’Bee gestallt, wou mol eng Kéier nei Disziplinnen um Programm stoungen. Ugefaangen huet et Freides mat engem Fräibéier am berüümt berüchtegte Jimmy’s domat et och gestäerkt Samschdes bei d’Inn konnt goen, wou d’Sportsaktivitéite stattfonnt hunn. Déi ugemellten Equippe konnten sech bei Petanque, Vëlkerball a Spikeball ënner Beweis stellen, woubäi awer beim Spikeball kee Wee laanscht d’Münchener gefouert… Weiterlesen »Réckbléck: BASE Cup

Réckbléck: Wanderdag 2022

Den 1. Mee stoung dann och fir eng 2. Kéier eise Wanderdag um Programm, den sech domat lues awer sécher zu engem traditionellen LSM-Datum gëtt. Lassgaangen ass et mam Zuch um Hauptbahnhof zu München bis op den Tegernsee wou mer eis dunn op de Wee fir op d’Kreuzberg Alm gemaach hun. Do ukomm gouf dunn och eng kuerz Paus gemaach a mir konnte mat enger klenger Erfrëschung an der Hand d’Vue iwwer d’Bierger an d’Landschaft genéissen. Dono ass et dann och schonn erëm weidergaangen op… Weiterlesen »Réckbléck: Wanderdag 2022

Réckbléck: Frühlingsfest 2022

Den 30. Abrëll huet den LSM goes Frühlingsfest stattfonnt. Iwwer déi lescht Joren (éischter déi Zäit virun der Pandemie) war et Traditioun beim LSM dass mer eis nom Münchner Bal nach eng Kéier zesumme mat allen Helfer zu München fir ee Brunch getraff hunn fir do da nach emol all Mënsch Merci ze soe fir seng Aarbecht um Bal. Och dëst Joer ware mir op een neit extrem houfreg dass mer esou vill engagéiert Memberen hunn déi motivéiert waren um Münchner Bal eng Hand unzepaken.… Weiterlesen »Réckbléck: Frühlingsfest 2022