Réckbléck: Frühlingsfest 2022

Den 30. Abrëll huet den LSM goes Frühlingsfest stattfonnt. Iwwer déi lescht Joren (éischter déi Zäit virun der Pandemie) war et Traditioun beim LSM dass mer eis nom Münchner Bal nach eng Kéier zesumme mat allen Helfer zu München fir ee Brunch getraff hunn fir do da nach emol all Mënsch Merci ze soe fir seng Aarbecht um Bal.

Och dëst Joer ware mir op een neit extrem houfreg dass mer esou vill engagéiert Memberen hunn déi motivéiert waren um Münchner Bal eng Hand unzepaken. Ouni si wier eise Bal guer net méiglech an och sécher kee sou een enorme Succès gi wéi dat dëst Joer de Fall war.

Nom Brunch ass een déi aner Joren dann ëmmer zesummen op d’Frühlingsfest gaangen.Dëst Joer huet dat dann awer alles missen e bëssi anescht geplangt ginn opgrond vun dem groussen Ustuerm op d’Frühlingsfest no 2 Jore Paus. Dofir hu mer eemoleg d’Helferfest an de Stammdësch um Frühlingfest zesummegeluecht an doraus ass den LSM goes Frühlingsfest ginn. Hei konnte mer a gudder Ambiance ee flotten Dag verbrénge wou een emol konnt, mat der eng oder anerer Maß, déi Welt ausserhalb vum Festzelt fir ee Moment hannert sech loossen.