Réckbléck: Wanderdag 2022

Den 1. Mee stoung dann och fir eng 2. Kéier eise Wanderdag um Programm, den sech domat lues awer sécher zu engem traditionellen LSM-Datum gëtt. Lassgaangen ass et mam Zuch um Hauptbahnhof zu München bis op den Tegernsee wou mer eis dunn op de Wee fir op d’Kreuzberg Alm gemaach hun. Do ukomm gouf dunn och eng kuerz Paus gemaach a mir konnte mat enger klenger Erfrëschung an der Hand d’Vue iwwer d’Bierger an d’Landschaft genéissen.

Dono ass et dann och schonn erëm weidergaangen op der Schliersee wou mer dann och Owes erëm den Zuch fir zeréck op München geholl hunn. Am grousse Ganze war et also ee richteg flotten Tour an déi Traditioun kann een definitiv weiderféieren.