Vum 20. bis den 22. Mee huet dann och déi éischt Editioun vum BASE-Cup (säitdeem Béis-Cup genannt) stattfonnt. Zesumme mat dem Comité vun Innsbruck a Wien huet eise Sportminister e sportleche Weekend ob d’Bee gestallt, wou mol eng Kéier nei Disziplinnen um Programm stoungen.

Ugefaangen huet et Freides mat engem Fräibéier am berüümt berüchtegte Jimmy’s domat et och gestäerkt Samschdes bei d’Inn konnt goen, wou d’Sportsaktivitéite stattfonnt hunn. Déi ugemellten Equippe konnten sech bei Petanque, Vëlkerball a Spikeball ënner Beweis stellen, woubäi awer beim Spikeball kee Wee laanscht d’Münchener gefouert huet. Net nëmmen eng, mee zwou LSM-Equippe stoungen sech an der Finall géigeniwwer an hunn d’Coupe mat ob München bruecht.

Nodeem sech dann de ganzen ausgepowert an och ëmmer gutt mat Gösser virun der Dehydréierung geschützt ginn ass, war dann owes Disco ugesot, fir och déi lescht Energie lass ze ginn. Ugeschloe konnt een dann de leschten Dag um Séi zu Innsbruck relaxéiere befier et da fir déi mécht owes zréck gaangen ass.

Mir soen eisem Sportminister e grousse Merci fir déi gutt Organisatioun a Koordinatioun a wie weess, villäicht geet et nächst Joer drëms d’Éier vum LSM géint déi Wiener an Innsbrucker hei zu München ze verdeedegen.