Zum Inhalt springen

April 2022

Réckbléck: Münchner Bal 2022

No 2 Joer Paus konnte mir um Ouschtersonndeg endlech rëm de Münchner Bal am Melusina feieren! An d’Motivatioun war definitiv do, wat een engersäits un den Ticketen erkannt huet, déi ganz schnell ausverkaf waren, an anersäits um spektakuläre Béierkonsum, dee souguer eis iwwerrascht huet! Fir déi mega Stëmmung huet och den DJ Nosi gesuergt, dee bis spéit an den Owend eis Ouere mat engem decke Bass begléckt huet. Mir soe villmools Merci un all eis Helfer, déi eis um Owend selwer wierklech ganz vill gehollef hunn, an natierlech jiddereen, den op eise Bal komm ass, a mir hoffen, iech nächst… Weiterlesen »Réckbléck: Münchner Bal 2022

Réckbléck: STudent fir 1 Dag

En Dënschden, den 5. Abrëll, waren am Kader vum “Student fir 1 Dag” eng Partie PrimanerInnen (a future Erstien) ob Münche komm, déi sech fir e Studium an der wuel schéinste Stad vun der Welt interesséieren! Fir si fir e Studium hei ze begeeschteren hate mir fir d’éischt emol eng zackeg Präsentatioun virbereet. Dobäi sinn se iwwert d’Stad München, seng Universitéiten, verschidde Studiegäng, Do’s and Dont’s beim Wunneng sichen an dem wuel wichtegste Grond fir ob München ze kommen, den LSM, informéiert ginn. (Gäre kennt… Weiterlesen »Réckbléck: STudent fir 1 Dag

Réckbléck: STarkbierfest 2022

Den 19.03 konnte mir no laanger Paus endlech erëm dat bescht un der bayrescher Traditioun a vollen Zich genéissen! An der Tracht ass et nämlech ob d’Starkbierfest um Nockherberg gaange wou een endlech nees zesummen ob der Béierbänk konnt mam Maß prosten. An der Unzuel u gedronkene Maß léisst sech den Owend och gutt resuméieren: Nom 1.Maß sinn d’Gespréicher scho méi labber ginn. Nom 2.Maß sinn d’Bänken zur Danzfläch ginn. Nom 3. Maß louch een sech an de bei Robbie Williams an den Äerm. (Anerer… Weiterlesen »Réckbléck: STarkbierfest 2022