Zum Inhalt springen

Juni 2015

Grillen um Flaucher mam neie Comité

  •  

Op der AG ass deen ale Comité vu sengen Aufgabe befreit ginn an den neie Comité gewielt ginn, wou e puer al, awer och e puer nei Gesiichter dra sinn. Fir dëst ze feieren invitéiere mir iech alleguer e Freiden, de 3. Juli op eis éischt Aktivitéit, d’Grillen um Flaucher. Mir wäerte souwuel fir Fleesch, Baguettë wei och fir genuch Gedrénks suergen. Dat Ganzt geet natierlech och dëst Joer rëm integral op LSM-Käschten. Lass geet et um 16h op der “LSM-Platz” (Weebeschreiwung am Unhang). Fir… Weiterlesen »Grillen um Flaucher mam neie Comité

Neien LSM-Comité

  •  

D’AG 2015 ass eriwwer an domadder steet och e neie Comité fest: President: Linster Lou Trésorier & Vize-President: Theisen Charel Sportsminister: Closener Max Eventmanager/Responsable Münchner Bal: Lambert Jerry Responsable Sponsoring: Ronk René Webmaster: Thillen Paul Responsable Design & Relations Acel: Vallender Estelle Sekretär: Weber Daniel Mir sinn och schonns fläisseg amgangen ze schaffen an den 3. Juli wäerte mer dann och nees um Flaucher grillen (Detailer an enger nächster E-Mail). Aner wichteg Aktivitéit ass eis Oktoberfest-Intercercle den 30. September an den 1.Oktober, duerfir haalt iech… Weiterlesen »Neien LSM-Comité

LSM Grillowend

  •  

Déi lescht Aktivitéit vum desjährege Comité steet virun der Dier. Fir dëst Joer esou richteg gutt auskléngen ze loossen, invitéiere mir iech alleguer e Samsten, den 13. Juni ab 17h an d’Gasthaus Siebenbrunn op den LSM-Grillowend. Bei hoffentlech guddem Wieder wäerte mir am Nomëtten an hirem flotte Béiergaart fir déi di wëllen ee klenge Beerpong-Tournoi starten. Déi aner sinn awer och häerzlech invitéiert een Apero drénken ze kommen. Um 20h kënnt der iech dann op ee grousse Grillbuffet stierzen. Hei wäert vu villen Zorte Fleesch… Weiterlesen »LSM Grillowend