Déi lescht Aktivitéit vum desjährege Comité steet virun der Dier. Fir dëst Joer esou richteg gutt auskléngen ze loossen, invitéiere mir iech alleguer e Samsten, den 13. Juni ab 17h an d’Gasthaus Siebenbrunn op den LSM-Grillowend.

Bei hoffentlech guddem Wieder wäerte mir am Nomëtten an hirem flotte Béiergaart fir déi di wëllen ee klenge Beerpong-Tournoi starten. Déi aner sinn awer och häerzlech invitéiert een Apero drénken ze kommen.

Um 20h kënnt der iech dann op ee grousse Grillbuffet stierzen. Hei wäert vu villen Zorte Fleesch iwwer Fësch, Bäilagen an Zalote bis zum Dessert fir jiddereen eppes a genuch dobäi sinn.

Mellt iech bis e Méindeg, den 8. Juni per Email u [email protected] un a gitt heibäi och w.e.gl. un, ob dir schonn um 17h oder just fir d’Iessen um 19h30 kommt. D’Platze si begrenzt, maacht iech also bäi!