D’AG 2015 ass eriwwer an domadder steet och e neie Comité fest:

  • President: Linster Lou
  • Trésorier & Vize-President: Theisen Charel
  • Sportsminister: Closener Max
  • Eventmanager/Responsable Münchner Bal: Lambert Jerry
  • Responsable Sponsoring: Ronk René
  • Webmaster: Thillen Paul
  • Responsable Design & Relations Acel: Vallender Estelle
  • Sekretär: Weber Daniel

Mir sinn och schonns fläisseg amgangen ze schaffen an den 3. Juli wäerte mer dann och nees um Flaucher grillen (Detailer an enger nächster E-Mail).

Aner wichteg Aktivitéit ass eis Oktoberfest-Intercercle den 30. September an den 1.Oktober, duerfir haalt iech deen Datum onbedéngt fräi!