Grillen um Flaucher mam neie Comité

Op der AG ass deen ale Comité vu sengen Aufgabe befreit ginn an den neie Comité gewielt ginn, wou e puer al, awer och e puer nei Gesiichter dra sinn.
Fir dëst ze feieren invitéiere mir iech alleguer e Freiden, de 3. Juli op eis éischt Aktivitéit, d’Grillen um Flaucher. Mir wäerte souwuel fir Fleesch, Baguettë wei och fir genuch Gedrénks suergen. Dat Ganzt geet natierlech och dëst Joer rëm integral op LSM-Käschten.

Lass geet et um 16h op der „LSM-Platz“ (Weebeschreiwung am Unhang).

Fir déi di net schon um 17h do kënne si wäerte mer natierlech och nach eppes fir spéider iwwreg loossen, fir dass och jiddereen zefridden heem geet.

Mellt Iech w.e.g. bis den 2. Juli per Email op [email protected] un, fir dass mir ongeféier wëssen, wéivill mer akafe mussen.