Zum Inhalt springen

Réckbléck

Réckbléck: ALUS Intercercle ‘Route du Vin’ zu Stroossbuerg

Den éischten Abrëll-Weekend huet d’ALUS hier traditionell Intercercle ‘Route du Vin’ organiséiert an di aner Cerclen ob eng Rees duerch di elsässesch Wäikultur invitéiert. Den LSM war natierlech och vertrueden an ass sengem gudden Numm als lëschtegen, partytraineierten an drenkfeste Cercle gerecht ginn. Um Programm stoungen 2 Wäindegustatioune mat engem gudde Mëttegiessen dotescht a bësse Fräizäit. Gestart huet dat ganzt zu enger studentenongewinnter Auerzäit moies um hallwer 9 zu Stroossbuerg, wou mer de Bus geholl hunn, deen eis zur éischter Wäindegustatioun op Epfig gefouert huet. Do krute mer dann eng… Weiterlesen »Réckbléck: ALUS Intercercle ‘Route du Vin’ zu Stroossbuerg

Kitzbühel 2016 : Réckbléck + Fotoen

Och 2016 ass den LSM nees fir den éischte Weekend vum Joer den 8-10. Januar an d’Tiroler Bierger bei Kitzbühel gefuer wou mir Stammgascht an der Sonnalm uewen um Bierg sinn. Dëst Joer hate mer wesentlech méi Chance mam Wierder wéi lescht Joer, sou dat mir vum ganzen Ëmfang vum Skigebitt profitéiere konnten. Souguer déi legendär Streif iwwert den Hahnekamm bis rof op Kitzbühel, konnt mat de Skier oder dem Snowboard probéiert ginn. Nieft dem Ski- a Snowboardfuere waren d’Sauna an déi divers Happy Hours an der hauseegener Schirmbar d’Highlights vun dëser Vakanz. Owes… Weiterlesen »Kitzbühel 2016 : Réckbléck + Fotoen

Chrëschtfeier: Réckbléck + Fotoen

61 Leit hunn dëst Joer de Wee op eis Chrëschtfeier fonnt. Hei gouf sech fir d’éischt mat deem engen oder anere kesselfrësche Glühwäin  opgewiermt, dunn mat engem festlechen 3 Gäng Menü och de Mo gefëllt gouf. Ganz iwwerraschend ass dann och de LSM-Kleesche mat senge Begleedungen opgetaucht an huet LSM a Wichtel-Cadeaue verdeelt. Net nëmme gönnerhaft mee och sportlech war eise Kleeschen ënnerwee: Kleeschen-Kopplabunz  Nodeems de Kleeschen dunn verschwonne war fir säin décke Programm deen Owend nach duerchzekréien, goung dee vun der Chrëschtfeier nach eng Zäit laang am Brunnwart virun, ier dunn op anere Platze weidergefeiert huet.  

Réckbléck + Fotoen: Welcome Day

Och d’2015er Editioun vum Welcome-Day war nees en vollen Erfolleg. Ugaang ass et moies am Augustiner Bürgerheim mat engem lockere Brunch fir d’Erstis bei deem vill nei Kontakter geknäppt goufen an iwwert Weisswurscht, Brezn a Semmel och niichter scho vill ganz intressant Gespréicher gefouert goufen. Dat nämlecht gëllt natierlech fir eis Oldies, déi hiren eegene Brunch am Paulaner Bräuhaus haten. Duerno ass et dunn mëttes direkt weidergaang mat eisem Rallye, deen sech mat 73 Participanten nees grousser Beléiftheet erfreet huet. Nodeems d’Erstien hier stylesch “Accessoiren”  wéi Poubellstuten an ee Free Hugs Schëld ugedo krute konnt et… Weiterlesen »Réckbléck + Fotoen: Welcome Day

Réckbléck + Fotoen Oktoberfest Intercercle

Wann een u München denkt, da fällt engem natierlech direkt d’Oktoberfest an. Ween ass net schonn extra mat Bus, Fliger oder Auto ugereest komm, fir eng uerdentlech Maß um gréisste Volleksfest vun der Welt ze drénken. Domat een déi ausgeloosse Stëmmung net nëmmen zu Alzeng materlieft, huetden LSM dëst Joer eng Intercercle organiséiert. Vu Köln, Bréissel, Oochen, Wien, Stroossbuerg a Karlsruhe hunn sech ganzer 53 Studenten ob de Wee gemat fir mat eis déi bayresch Gemittlechkeet ze feieren. No laangen Autofahrten, ass et dunn Mëttwochs Owes an de Löwenbräukeller gaangen,… Weiterlesen »Réckbléck + Fotoen Oktoberfest Intercercle

LSM-Rees op Budapest

Wei all Joers huet den LSM och dëst Joer eng Rees fir hier Memberen organiséiert. Dëst Joer ass et vum 14.05 bis 17.05 op Budapest gaang! Mam Zuch si mir zu insgesamt 25 gefuer. Nierwend enger Velos Tour, Musée Besuch an Pub Crawl goufen et natierlech och Sportaktivitéiten, dest kéier Caving an Escape Rooms. Owes gouf dann zesumme bis an Nuecht era gefeiert, befiers et Sonndes erëm zréck gaang ass.

Münchner Bal 2015

Wei all Joers huet de Münchner Bal um Ouschtersonndeg statt fonnt, dëst Joer war dëst de 5. Abrëll. Virverkafsticket ware schonn e puer Deeg virum Bal ausverkaf, de Melusina hat sech also scho schnell gefëllt. Fotoe vum Owend fannt dir op eiser Facebook Säit: http://tinyurl.com/lrkvqqn Nierwend engem zweeten LSM Stand, gouf et och eng Foto Lounge an eis Maskottchen, de Seppl, war och ënnerwee. Mir soen nach all de Membere Merci déi eis gehollef haten!

Kitzbühel 2015

Well den Schnei net bei eis komm ass, sinn mir wei all Joers op Kitzbühel gefuer. Dëst Joer waren 30 Memberen mat op dësen onvergiesslechen Schiweekend den 9. Januar gefuer.