Réckbléck: Summerrees 2024 op Budapest

Virun zwou Wochen stung fir 24 motivéiert LSM’er d’Summerrees op Budapest um Programm. An der wonnerschéiner Haaptstad vun Ungarn konnte mir puer flotter Deeg zesumme verbréngen 🇭🇺.

Den Donneschde Moien ass et scho fréi lass gaang: um 7h20 hu mir eis mam Zuch op de Wee Richtung Ungarn gemaach 🚂. No engem gudden Owesiessen an engem traditionell ungaresche Restaurant, ass et weider op ee Boot gaang, woumat d’Partystëmmung agelaut gouf 🥳. Bei Prosecco illimité an enger schéiner Faart iwwert d’Donau hate mir ee schéinen éischten Owend 🥂. Dono war awer nach laang net Schluss, fir déi, déi wollten ass et nach weider an de Club gaang.

Freides stung Kultur um Programm: vun der Géllert Cave bis visite guidé vum Buergevéirel (+ den chineesesche President) hu mir alles gesinn 🏰.
Owes hu mir eis et mat engem 3-Gänge Menu gutt goe gelooss 😋. Weider ass et gaang mat eisem alljährleche Pubcrawl, wou eis Membere wierklech alles ginn hunn fir ze gewannen. Dobäi konnt sech eng Ekipp ganz kloer erauskristalliséieren: 3ème Aasch!! Fazit vum Owend: lecker, lecker.

Ugeschloe vum Owend virdrun si mir an den drëtten Dag gestart. Hei ware mir Moies d’Buerg Vajdahunyad besichen. No bësse Fräizäit zu Budapest, konnte mir eis op eng Wäin-, Wurscht-, an Kéisdégustatioun freeën🍷🧀. Dono ware mir gutt an de Restaurant iessen, éier et weider an de Club Szimpla Kert gaang ass 🕺🏼.

Un eisem lëschten Dag konnte mir eis an enger Therme vun dem flotte Weekend erhuelen 🧖. Am Nomëtten hu mir eis erëm op de Wee Richtung München gemaach. Midd awer voller schéiner Erënnerungen si mir um 23 Auer erëm zu München ukomm 🏠. Mir soe Merci fir déi schéi Rees!

Äre Comité 💙