Zum Inhalt springen

Réckbléck

Réckbléck : Ersti-Quiz

  •  

Wëll dëst Joer leider hu missen eisen Ersti-Pubcrawl an de Welcome-Day ofgesot ginn, huet de Comité sech eppes Neies afale gelooss fir kënnen de Kontakt mat den neien Erstis hierzestellen, fir si e bësse besser kennen ze léieren an an hinnen d’Geleeënheet ze ginn, och kënnen ënnerteneen nei Leit kennen ze léiere fir esou nei Kontakter hierzestellen. Esou huet dann den 21. November 2020 den online Ersti-Quiz stattfonnt. No enger kuerzer Virstellung vum Comité ass et dann awer och scho lass gaangen an et si 5 Gruppe gebillt ginn, an deenen da jeeweils ee Comités-Member vertruede war. A… Weiterlesen »Réckbléck : Ersti-Quiz

Réckbléck Wanderdag 2020

  •  

E Sonnden, den 18.Oktober 2020 huet den neie Comité säin éischt Event fir dëst Comitésjoer organiséiert: de LSM Wanderdag. Nodeems dësen den 1.Mee huet missen opgrond vu Corona ausfalen, hu mir ons et net huele gelooss dësen nozehuelen. Moies um 9h respektiv um 10h, opgedeelt an 2 Gruppe vu 15 Leit, ass et um Hauptbahnhof mam Zuch lass gaangen a Richtung Tegernsee. Vum Bahnhof Tegernsee si mir da fortgetrëppelt op d’Gindelalmschneid. Uewen um Gipfel ukomm, ass et dann op déi nächstgeleen Hütt gaangen, wou mer ons dann deen een oder anere Béier verdéngt haten. En ganz… Weiterlesen »Réckbléck Wanderdag 2020

Foire de l’étudiant 2020

  •  

Vum 12. bis 13. November 2020 fënnt déi dësjäreg foire de l’étudiant statt an dat fir d’éischte Kéier reng digital. Wéi all Joer ass natierlech och den LSM mat engem Stand vertrueden. De Comité versicht de Schüler vun den Ofschlossklassen aus dem Secondaire bei all hire Froen zu de Studiegäng an dem Studenteliewen zu München mat Äntwerten zur Säit ze stoen. Donieft fënnt een op eisem Stand awer och eis nei Broschür, eis Flyeren an eise fonkelneie Video an dem mir eise Cercle “Lëtzebuerger Studenten zu München” (LSM) virstellen. Kommt och Dir op… Weiterlesen »Foire de l’étudiant 2020

Réckbléck : Assemblée Générale 2020

  •  

Um Sonndeg den 20. September gouf déi dësjäreg Assemblée Générale vun de Lëtzebuerger Studente vu München, kuerz LSM, ofgehalen. Fir déi alleréischte Kéier war des an engem ganz anere Kader, an zwar ass se online iwwer ZOOM ofgehale ginn. Natierlech war se esou net vergläichber mat enger AG aus de vergaange Joren an awer war dat déi Bescht alternativ an dësen ongewëssen Zäiten an esou koum et dann awer trotzdeem zu denger eng oder anerer interessanter Diskussioun. Ugefaange gouf traditionell mat enger Usproch vum ale President an engem Réckbléck vum ale Comité iwwert dat vergaangene… Weiterlesen »Réckbléck : Assemblée Générale 2020

Réckbléck : Beerpong-Liga 2019/2020

  •  

Eng vun den neien Aktivitéiten, déi den Comité dëst Joer agefouert huet war d’Beerpong-Liga. Hei konnten sech d’ Lëtzebuerger Beerpongsfrenn vun München umellen an gouffen dunn enger vun 2 Gruppen zougeloust. Am ganzen haten sech 15 Equippen à 2 Leit ugemellt soudass an enger Grupp 8 Equipe, an an der anerer 7 Equipe géinteneen gespillt hunn. Virgesinn war et dass d’Leit pro Woch en Match spillen an se deen an enger vun hiren Wunnengen ausdroen. D’Zil heivun war et Leit déi méi an Leit di manner Zäit am LSM verbréngen zesummenzebréngen an och d’Erstien besser kennen ze leieren. Dei 2 Gruppen goufen bis… Weiterlesen »Réckbléck : Beerpong-Liga 2019/2020

Réckbléck: Beerpong-Turnoi

  •  

Dest Joer gouf et alt rëm en LSM-Beerpong-Tournoi. Hei hunn 16 Equipe sech bedeelegt mat jeeweils 2 Spiller. No enger knackeger Gruppephasen, wou puer Equipe hiert Talent gewisen hunn an aner Equipe keng Leeschtung bruecht hunn, gouf et dunn eng K.O.-Phase.Eng spannend Véierels- an Halleffinall hunn dofir gesuergt dass et zum Duell vun den aussergewéinleche Männer komm ass: Pilot an Haentges géint Thomé a Baustert. Dese Match gouf vu Pilot an Haentges gewonnen. Woubäi ee soe muss, dass déi 2 d’Ielebou-Reegel net agehalen hunn. (Pff de Verfaasser ass e schlechte Verléierer…) Hin oder hier, den LSM gratuléiert de Gewënner.

Réckbléck: Wanterrees op Kitzbühel 2020

  •  

Och dëst Joër war den LSM nees vum 3.-5. Januar op säin tradionellen Skiweekend zu Kitzbühel wou mir eng flott kleng Skivakanz zesummen verbruecht hun. Moies fréi um 7h ass et um Ostbahnhof mat 32 Memberen zesummen am Bus Direktioun Kitzbühel gaangen. Dohannen ukomm ass et dann direkt op d´Skipiste respektiv an den Skiverleih gaangen. Nom Skifueren hu mir ons dann op den Wee an onsen Hotel gemaach. Wei schonn déi leschten Joren hu mir op der Sonnalm iwwernuecht, wou deen een oder aneren, deen schonn méi oft… Weiterlesen »Réckbléck: Wanterrees op Kitzbühel 2020

Réckbléck: Tournoi de Noël 2019

  •  

Och bei dëser Editioun vum traditionellen Dräikampf, dee vun der LASEL an der ACEL organiséiert gëtt, war den LSM erëm Staark vertrueden. Wéi ëmmer ass et den éischten Dag mat Volleyball an Basketball lass gaangen. Obwuel den LSM beim Volleyball historesch gekuckt ëmmer am schwächste war, haten eis Meedercher a Jongen sech net kleng kréie gelooss an haten et bis op di zweet Plaz gepackt. Di éischt Podiumsplaz fir d’LSM Volleyball Ekipp! Mee och beim Baskett hate mer erëm gutt Gas ginn an do konnte… Weiterlesen »Réckbléck: Tournoi de Noël 2019

Réckbléck: Chrëschtfeier 2019

  •  

De 14. Dezember hat den LSM seng alljärlech Chrëschtfeier, déi dëst Joer awer an engem anere Kader wéi déi Jore Virdrun ofgelaf ass. Aplaatz sech „just“ op een Dinner an engem bayresche Restaurant ze treffen, hu mir dëst Jor an der Bar „Lehel“ eng Soirée Privée organiséiert. Nodeems mir eis bei engem 5-Gäng Flying Dinner Menü verwinne gelooss hunn, ass dunn nach bis 2:30 Party gemaach ginn. Déi läscht Stonne vun dëser Soirée sinn anscheinend net méi all Member am Gedächtnis verbliwwen. Natierlech duerft och… Weiterlesen »Réckbléck: Chrëschtfeier 2019

Réckbléck: Pubquiz 2019

  •  

Well eise Pubquiz lescht Joer ee groussen Erfolleg war, hu mir d’Platzen dëst Joer en bëssen erweidert, an och déi ware ganz schnell ausgebucht. Eis 13 Gruppe konnten sech dann an de verschiddenste Kategorië wei Sport, Geographie oder “bekannt Aussoen” ënner Beweis stellen. Och wann et ganz knapp war, war et d’Grupp “Eng Tornado”, déi an der leschter Kategorie nach eng kéier laanscht hier Rivale gezunn ass, de Sieg herno mat heem huele konnten an eisen neie Champion vum Pubquiz 2019 gin ass.