Réckbléck : LSM – Ersti-Meeschterschaften

Nodeems d’Mesure eis et dann och erëm erlaabt hunn war et héchst Zäit de Rallye vum Welcome Day nozehuelen an esou koum et dunn de 26. Juni 2021 zu den éischten LSM – Ersti-Meeschterschaften (kuerz Ersti – EM). Dëse Rallye war ganz am Thema vun der zäitgläich ofgehalener Fussball-Europameeschterschaft an esou gouf et 5 Teams, déi jeeweils ee méi liesen…

Réckbléck : Volleyball-Tournoi 2021

No laanger Zäit konnt den 12. Juni 2021 am Englischer Garten erëm een LSM-Event a Präsens organiséiert ginn an esou huet sech de Comité gefreet et ganz Partie Memberen erëm ze gesinn. Fir de Volleyball-Tournoi sinn eng 7 Equippen zesumme komm fir géingt eneen unzetrieden. Um 15 Auer ass et mat enger Gruppephase lassgaangen an der al Equippen emol méi liesen…

Réckbléck : Quiz Owend

Den 30. Januar huet den LSM-Comité ee Quiz Owend organiséiert. Dëse konnt leider net ewéi déi aner Joren a Präsens oflafen an esou huet ee missen op d’Plattform ZOOM zeréckgräifen, fir dat ganzt an enger online Versioun ofzehalen. Dat huet vill LSM-Memberen awer net dovun ofgehale matzemaachen, esou dass dann awer final ca. eng 50 Leit matgemaach hunn. Iwwer den Owend méi liesen…

Réckbléck : Secret Santa

Fir den LSM-Memberen d’Adventszäit e bëssi méi agreabel ze gestalten a fir hinnen och an dësen ongewinnten Zäiten eng Freed ze maachen, hat de Comité dëst Joer decidéiert ee Secret Santa ze organiséieren. De Prinzip war ganz einfach. All Member konnt sech umellen an huet da missen am Viraus ee Kaddo am Wäert vun ongeféier 10€ bei engem Comités-Member ofginn. méi liesen…

Réckbléck : Ersti-Quiz

Wëll dëst Joer leider hu missen eisen Ersti-Pubcrawl an de Welcome-Day ofgesot ginn, huet de Comité sech eppes Neies afale gelooss fir kënnen de Kontakt mat den neien Erstis hierzestellen, fir si e bësse besser kennen ze léieren an an hinnen d’Geleeënheet ze ginn, och kënnen ënnerteneen nei Leit kennen ze léiere fir esou nei Kontakter hierzestellen. Esou huet dann den 21. November méi liesen…

Foire de l’étudiant 2020

Vum 12. bis 13. November 2020 fënnt déi dësjäreg foire de l’étudiant statt an dat fir d’éischte Kéier reng digital. Wéi all Joer ass natierlech och den LSM mat engem Stand vertrueden. De Comité versicht de Schüler vun den Ofschlossklassen aus dem Secondaire bei all hire Froen zu de Studiegäng an dem Studenteliewen zu München mat Äntwerten zur Säit ze stoen. méi liesen…