Réckbléck: Student fir 1 Dag 2023

De 14. Abrëll waren eng 22 Schüler aus dem Lycée bei eis zu Münche fir een Androck vun den Unien an dem Studenteliewen hei ze maachen. 👨‍🎓👩‍🎓

Nodeems se vum Flughafen ofgeholl gi si goufen se nach eng Kéier offiziell vun eis um Geschwëster Scholl Platz begréisst a kruten och Brezn a Croissanten. Dono gouf et eng kuerz Féierung duerch d’LMU an d’TUM ier mer eis fir eng Präsentatioun vun enger Stonn d’Zäit geholl hunn. Hei kruten d’Schüler am Detail München, Studenteliewen, déi verschidden Unien an déi Studiegäng déi si interesséiere presentéiert. Hei haten se dann och Zäit eis all d’Froen déi hinnen um Häerz louchen ze stellen an eng Äntwert dorop ze kréien. 🧑‍🏫

No dësem Virtrag gouf sech dann awer och d’Zäit fir eng Stäerkung geholl. Zesummen si mer an den alter Simpl gaangen. Nom Iessen krute mer Verstäerkung vun ee puer vun eise Membere fir d’Studente méi genau iwwer déi verschidde Studiegäng ze informéieren. Mir hunn eis dunn och opgedeelt an 3 Gruppe fir méi detailléiert Visitte vun den Unien. Eng Grupp ass op d’LMU, eng op d’TUM am Zentrum an eng op d’TUM zu Garching gaangen.

Fir den Ofschloss vum Dag gouf et nach ee kuerzen Tour duerch d’Stad. Ënnert anerem goufen de Schüler de Marienplatz, d’Frauenkirchen an den Englesche Gaart mat der Eisbachwelle gewisen. Dono hu mer eis nach fir een Ofschlosspatt an de CADU gesat, d’Schüler haten awer och d’Méiglechkeet fir déi lescht Stonn nach Fräizäit an der Stad ze verbréngen ier et dann erëm zesummen op de Flughafe gaangen ass. 🍺

Insgesamt war de Student fir 1 Dag och dëst Joer ee grousse Succès a mir hoffen dann den een oder aneren dëst oder nächst Joer am Oktober bei eis zu Münche begréissen ze dierfen. Hei wëlle mir dann och nach der ACEL Merci soe fir d’Organisatioun. 💙