Réckbléck: Beerpong-Tournoi

De 17. Juni huet eise Beerpong-Tournoi stattfonnt! 🍻

Mir hunn eis op der Wiss virun der Pinakothéik versammelt an et waren eng ganz Partie u Memberen do, d’Sonn huet geschéngt an d’Atmosphär war super. Fir dass keen huet missen duuschtereg an iwwerhëtzt heemgoe, stoungen och gekillte Béierfässer mat guddem Augustiner prett. ☀

Op insgesamt 6 Dëscher ass et fir 19 Equippen a 4 Gruppen duerch eng Gruppephase gaangen ier et da mat enger K.O. Ronn weidergaangen ass. No zwou spannenden Halleffinallen an enger Final an 3 Sätz konnt sech schlussendlech d’Gewënnerduo vum Tournoi mam Numm „déi Ekipp déi mir perséinlech am beschte gefällt”, bestoend aus dem Max Ernster an dem Noah Mersch, mat hire Schéisskënschten duerchsetzen an hunn esou ee Konsommatiounsbong fir ee Restaurant gewonnen.