Zum Inhalt springen

Juli 2022

Réckbléck: AG2022

Als offiziellen Ofschloss vum Comitéjoer 2021/2022 gouf de 15. Juli d’Assemblée Générale am Paulaner Bräuhaus ofgehalen. Gutt versuergt mat Béier a gestäerkt mat engem Menü mat Dessert koum et sou zu där eng oder anerer Diskussioun iwwer déi vergaangen Aktivitéiten. Zousätzlech gouf dem aale Comité Merci gesot fir hire staarken Asaz no denen organisatoresch schwéiere Corona Joren. Natierlech gouf duerno dann och den néie Comité fir d’Joer 2022/2023 gewielt.Gewielt gouf: Gianni Di Paoli – PresidentMax Ganser – Vize-President & TresorierFélix Mertens – SekretärMarguy Poissonnier –… Weiterlesen »Réckbléck: AG2022

Réckbléck: Volleyball Turnéier

Och um Volleyball Turnéier den 18. Juni hunn sech rëm genügend sportbegeeschtert Memberen am Englesche Gaart zesumme fonnt, fir de LSM-Volleyball Champion 2022 ze fannen. Duerchgesat hunn sech zum Schluss d’Equippe mam Yannick Erpelding, Lisi Arendt, Léo Kirsch an Thierry Toussaint, an hunn sech jeeweils ee Kajot Béier verdéngt!

Réckbléck: Summerfräibéier

Den 11. Juni huet ënnert perfekte Wiederconditionen de Summer Fräibéier stattfonnt, dëst Joer als Première um Maya Playa Praterstrand, direkt un der Isar. Well de leschte Fräibéier iwwert 2 Joer hier ass, gouf et fir des Editioun ee méi grousse Choix un Gedrénks, wéi zb. Corona Béier, verschidde Longdrinks oder och Hugo oder Weinschorlen. Fir den Owend ofzeronnen, ass et fir e groussen Deel nom Fräibéier nach weider an d’Clubs gaangen, wou d’Nuecht nach laang net opgehalen huet. Mir soe Merci fir d’Laanscht kommen!

Réckbléck: Summerrees Malta

Evivva! Esou seet een ob maltesesch Prost, an dat Wuert ass eis aus der Summerrees sécher hänke bliwwen. Vum 26. bis de 29. ware mir nämlech zu 25 motivéierte LSM’er ob enger kultureller Rees zu Malta, der wonnerschéiner Insel um Fouss vun Italien. 26. Mee: Ugefaangen huet do eise Programm mat engem gemeinsamen traditionell malteseschem Iesse kuerz no der Arrivée am Hostel zu St. Julian’s. Mee fir och richteg an d’Summerrees ze starten, ass et dono direkt mat engem Pubcrawl weidergaangen. An net ëmsoss hu… Weiterlesen »Réckbléck: Summerrees Malta