Réckbléck: Lasertag
Et war wéi a Lycéeszäiten… Den 22. Januar 2022 ware mir nämlech zesummen an den TerrasMars Lasertag. Dräi energieräich Partië stoungen um Programm. Déi éischt 2 Partië sinn dat rout géint dat blot Team géinteneen ugetrueden, woubäi obwuel jidderee alles ginn huet, sech dat rout Team 2mol duerchsetze konnt. Net nëmme well si déi besser Taktik mee och well si en aale Lasertag-Hues, de Max Closener, ob hirer Säit haten, dee kloer den MVP vun dësem Dag war. An der leschter Partie ass en anere Modus gespillt ginn, wou et drëm gaangen ass sou laang wéi méiglech e… Weiterlesen »Réckbléck: Lasertag