Réckbléck: Kitzbühel 2022

Vum 7. bis den 9. Januar ware mir zu 27 LSM-Memberen an 8 Oldies op Kitzbühl fir eisen traditionelle Ski-Weekend. Freides huet et geheescht fréi opstoen, well mer moies um 7 mam Bus lass gefuer sinn. Zu Kitzbühl ukomm, ass et direkt op d’Piste gaangen, bzw fir en Deel als éischt nach an de Skiverleih. D’ Sonn huet eis och net am Stéch gelooss, an sou konnt dësen éischten Dag ideal ausgenotzt ginn. Mam Sonnenënnergang ass et dann op d’Happy-Hour an der Sonnalm gaangen, wou nach kräfteg profitéiert gouf. Och d’ Sauna war gutt besicht. Owes goufe mer da mat engem leckeren 3-Gängen-Menü gestäerkt.

Samschdes a Sonndes war et deelweis méi stiermesch, wat vill awer net dovun ofgehalen huet, eriwwer op Kitzbühl op de Bierg ze fueren, an ënnert anerem déi berüümt Streiff an Ugrëff ze huelen. Fir de leschten Owend gouf et eppes Guddes vum Grill, an de Comité huet och eng Ronn ausginn, domat keen duuschtereg bleift.

Um leschten Dag goufen d’Wallissen gepak, éier da fir déi leschte Kéier fir dëse Weekend d’Ski-Schong ugedoe goufen. Am Nomëtten ass et da mam Bus zeréck op München gaangen.

Insgesamt si mir frou, dass Kitzbühl an dësem Joer méiglech war, an dass mir all gesond a monter zeréck op München komm sinn.