Réckbléck: Lasertag

Et war wéi a Lycéeszäiten… Den 22. Januar 2022 ware mir nämlech zesummen an den TerrasMars Lasertag.

Dräi energieräich Partië stoungen um Programm. Déi éischt 2 Partië sinn dat rout géint dat blot Team géinteneen ugetrueden, woubäi obwuel jidderee alles ginn huet, sech dat rout Team 2mol duerchsetze konnt. Net nëmme well si déi besser Taktik mee och well si en aale Lasertag-Hues, de Max Closener, ob hirer Säit haten, dee kloer den MVP vun dësem Dag war. An der leschter Partie ass en anere Modus gespillt ginn, wou et drëm gaangen ass sou laang wéi méiglech e roude Spiller ze bleiwen an eben ze evitéieren ofgeschoss ze ginn. Dobäi konnt och rëm de Max “The Terminator” Closener, wéi en ab e Samschde genannt gëtt, sech mat uerdentleche 6000 Punkten, haushéich duerchsetzen.

Wärend dem Spillen ass ee souguer vun 2 Dj’en mat Drum&Bass obgehyped ginn. Dat huet een och dono gesinn, well et wuer keen do, deen net voll verschweesst aus der Lasertag-Hal erauskomm ass. 
Nom Spille konnten sech souguer nach e puer Leit fir eng Modelcarrière ubidden. Ob der Platz selwer ass eng Reklamm fir en Energydrink gedréint ginn an natierlech sinn dunn direkt d’Lëtzebuerger Studente gefrot gi, fir matzemaachen. 

Et war also e sportleche Samschde Mëtten, wou sécher deen een oder aneren e bësse säi Frust konnt erausloussen. Mir behalen e Bong bei hinnen, also kennt eventuell am Summer e weidere Lasertag-Samschden. Dann gëllt et fir déi déi net dobäi waren, awer no dësem Réckbléck hongreg ob de LSM-Lasertag gi sinn, sech bäi ze maachen!

Äre Comité