Zum Inhalt springen

Januar 2020

Réckbléck : Beerpong-Liga 2019/2020

  •  

Eng vun den neien Aktivitéiten, déi den Comité dëst Joer agefouert huet war d’Beerpong-Liga. Hei konnten sech d’ Lëtzebuerger Beerpongsfrenn vun München umellen an gouffen dunn enger vun 2 Gruppen zougeloust. Am ganzen haten sech 15 Equippen à 2 Leit ugemellt soudass an enger Grupp 8 Equipe, an an der anerer 7 Equipe géinteneen gespillt hunn. Virgesinn war et dass d’Leit pro Woch en Match spillen an se deen an enger vun hiren Wunnengen ausdroen. D’Zil heivun war et Leit déi méi an Leit di manner Zäit am LSM verbréngen zesummenzebréngen an och d’Erstien besser kennen ze leieren. Dei 2 Gruppen goufen bis… Weiterlesen »Réckbléck : Beerpong-Liga 2019/2020

Réckbléck: Beerpong-Turnoi

  •  

Dest Joer gouf et alt rëm en LSM-Beerpong-Tournoi. Hei hunn 16 Equipe sech bedeelegt mat jeeweils 2 Spiller. No enger knackeger Gruppephasen, wou puer Equipe hiert Talent gewisen hunn an aner Equipe keng Leeschtung bruecht hunn, gouf et dunn eng K.O.-Phase.Eng spannend Véierels- an Halleffinall hunn dofir gesuergt dass et zum Duell vun den aussergewéinleche Männer komm ass: Pilot an Haentges géint Thomé a Baustert. Dese Match gouf vu Pilot an Haentges gewonnen. Woubäi ee soe muss, dass déi 2 d’Ielebou-Reegel net agehalen hunn. (Pff de Verfaasser ass e schlechte Verléierer…) Hin oder hier, den LSM gratuléiert de Gewënner.

Réckbléck: Wanterrees op Kitzbühel 2020

  •  

Och dëst Joër war den LSM nees vum 3.-5. Januar op säin tradionellen Skiweekend zu Kitzbühel wou mir eng flott kleng Skivakanz zesummen verbruecht hun. Moies fréi um 7h ass et um Ostbahnhof mat 32 Memberen zesummen am Bus Direktioun Kitzbühel gaangen. Dohannen ukomm ass et dann direkt op d´Skipiste respektiv an den Skiverleih gaangen. Nom Skifueren hu mir ons dann op den Wee an onsen Hotel gemaach. Wei schonn déi leschten Joren hu mir op der Sonnalm iwwernuecht, wou deen een oder aneren, deen schonn méi oft… Weiterlesen »Réckbléck: Wanterrees op Kitzbühel 2020