Réckbléck: Wanterrees op Kitzbühel 2020

Och dëst Joër war den LSM nees vum 3.-5. Januar op säin tradionellen Skiweekend zu Kitzbühel wou mir eng flott kleng Skivakanz zesummen verbruecht hun.

Moies fréi um 7h ass et um Ostbahnhof mat 32 Memberen zesummen am Bus Direktioun Kitzbühel gaangen. Dohannen ukomm ass et dann direkt op d´Skipiste respektiv an den Skiverleih gaangen.

Nom Skifueren hu mir ons dann op den Wee an onsen Hotel gemaach. Wei schonn déi leschten Joren hu mir op der Sonnalm iwwernuecht, wou deen een oder aneren, deen schonn méi oft dobäi, war sech beschtens auskennt. Do as et dann och direkt lassgaang mam Après-Ski an dem éischten Tour Happy Hour.

No engem relaxen Saunagang oder engem klengen Nap, ass et dann un d´Owesiessen gaangen wou et wie all Joër en leckeren Schnitzel oder eng gudd Portioun Kassspatzn gouf. Dono ass et rem bis an den spéiden Owend an der Schirmbar weider gefeiert gin.

Samsdesowes huet dann natierlech och rem daat traditionellt Béierbankrennen stattfonnt.

Mam gutt gefëllten Programm waren déi 3 Deeg erëm schnell eriwwer, an Sonndes sinn all d’LSMler dëst Joer souguer ouni gréisser Verletzung erëm zréck op München gefuer.