Réckbléck : Beerpong-Liga 2019/2020

Eng vun den neien Aktivitéiten, déi den Comité dëst Joer agefouert huet war d’Beerpong-Liga. Hei konnten sech d’ Lëtzebuerger Beerpongsfrenn vun München umellen an gouffen dunn enger vun 2 Gruppen zougeloust. Am ganzen haten sech 15 Equippen à 2 Leit ugemellt soudass an enger Grupp 8 Equipe, an an der anerer 7 Equipe géinteneen gespillt hunn. Virgesinn war et dass d’Leit pro Woch en Match spillen an se deen an enger vun hiren Wunnengen ausdroen. D’Zil heivun war et Leit déi méi an Leit di manner Zäit am LSM verbréngen zesummenzebréngen an och d’Erstien besser kennen ze leieren. Dei 2 Gruppen goufen bis kuerz virun der Chrëschtvakanz ausgespillt. No Chrëschtdag koum et dunn zu den Halleffinallen an der Finale. Dei konnten de Max an de Gil kloer vir sech entscheeden an hunn soumat déi éischt Oplag vun der Beerpong Liga zu München gewonn. Sie 2 freeën sech sech bei der nächster Oplag erëm vun den Münchener Equipe challengen ze loossen. De Comité seet all deenen Merci déi matgemaach hunn an freet sech op déi nächst Editioun.