Zum Inhalt springen

Juni 2019

Réckbléck: Assemblée Générale 2019

  •  

E Samschden de 15. Juni haten d‘Lëtzebuerger Studenten vu München erëm hier alljäerlech Assemblée Générale. Dëst Joer sinn d’Memberen an d’Augustiner Bürgerheim invitéiert gi fir do bei der Versammlung deelzehuelen a gutt ze drénken an ze iessen. Den Owend huet domat ugefaangen dass den ale Comité ee Réckbléck vum vergaangene Joer gemaach. All Evenementer goufen en Revue passéiert, vum Grillen um Flaucher iwwert d’Chrëschtfeier bis bei d’Summerrees op Turin. No dem Réckbléck waren dunn eis Éieregäscht vun der ACEL an der ANEIL un der Réi… Weiterlesen »Réckbléck: Assemblée Générale 2019

Réckbléck: Summerrees 2019

  •  

Den LSM war d’lescht Woch op hirer alljäerlecher Summerrees, déi dëst Joer op Turin gaangen ass. Um Programm waren net nëmmen de klassesche Velostuer duerch di wonnerschéin Stad an eng Rallye duerch di lokal Caféen, mee och eng Besichtegung vun enger Kellerei am Turiner Ëmland an Visitte vun e puer Muséeë ware geplangt. Alles an allem gouf et di 4 Deeg vill ze maachen a mir hoffen dass et eise Membere di matgaange sinn gutt gefall huet.