Réckbléck: Assemblée Générale 2019

E Samschden de 15. Juni haten d‘Lëtzebuerger Studenten vu München erëm hier alljäerlech Assemblée Générale. Dëst Joer sinn d’Memberen an d’Augustiner Bürgerheim invitéiert gi fir do bei der Versammlung deelzehuelen a gutt ze drénken an ze iessen.

Den Owend huet domat ugefaangen dass den ale Comité ee Réckbléck vum vergaangene Joer gemaach. All Evenementer goufen en Revue passéiert, vum Grillen um Flaucher iwwert d’Chrëschtfeier bis bei d’Summerrees op Turin.

No dem Réckbléck waren dunn eis Éieregäscht vun der ACEL an der ANEIL un der Réi fir sech mat enger kuerzer Presentatioun virzestellen. Un dëser Platz e grousse Merci un den Vertrieder vun der ACEL dem Max Closener, sou wéi de Vertrieder vun der ANEIL dem Jerry Lambert an dem Max Schroeder. Mir soen der ANEIL nach en extra Merci dass Si eng Ronn zum beschte ginn hunn!

Duerno haten d’Memberen bei der fräier Diskussioun d’Méiglechkeet dem nächste Comité Verbesserungsvirschléi an Feedback mat op de Wee ze ginn.

Dat wichtegst um Owend war awer Demissioun vum ale Comité an d’Wale vum neien. D’AG huet ofgestëmmt, dass de Comité dat nächst Joer soll aus 9 Memberen bestoen an deementspriechend koum et net zu Wahlen.

Den neie Comité vum Joer 2019/2020 besteet aus:

Noah Lee – President
Jo Pletsch – VP & Kommunikatioun
Charel Donven – Tresorier
Anouk Engel – Sekretär
Alex Thiry – Sponsoring
Jil Winter – Events (Manager)
Jean Baustert – Events
Max Molitor – Events
Michel Pilot – Sport

No der Presentatioun vum neie Comité ass et weider op d’Iesse gaangen, wou et e gudden Dräi Gäng Menü gouf.

Op dëser Plaz wollt den neie Comité och d’Geleeënheet ergräifen an dem ale Comité ee ganz grousse Merci soe fir dat vergaangent Joer. Mir sinn all frou hier exzellent Aarbecht do weiderzeféiere wou Si opgehalen hunn an hoffen dat mer mat der enger oder anerer neier Iddi en erfollegräicht neit Joer wäerten hunn.