Zum Inhalt springen

November 2017

Réckbléck: Foire de l’étudiant

  •  

Den 9. an 10. November huet et vill Studienintresséierter an d’Luxexpo gedriwwe fir d’alljäerlech Foire de l’Etudiant. Nieft Entreprisen di Reklamm fir sech maachen, waren och erëm Representante vu Cerclë vu bal all Stied wou ee Lëtzebuerger fanne kann. Natierlech war de LSM och mat 8 Leit an engem schéin dekoréierte Stand dobäi. Während zwee Deeg hate mir d’Éier eis wonnerschéi Stad an top Unien un intresséiert Leit ze presentéieren. Zemools Donneschdeg war do souvill Nofro op eisem Stand dass mer deelweis net méi nokomm sinn. Mee mir hoffen trotzdeem dass mer vill zukünfteg Studente vu München iwwerzeege… Weiterlesen »Réckbléck: Foire de l’étudiant

Réckbléck: Welcome Day 2017

  •  

Eis grouss Erëffnung vum Joer 2017/2018, de Welcome Day, wou mir déi nei Erstien zu München begréisse konnten, stoung erëm un. Dat ganzt huet gemittlech um 10 Auer mat engem Brunch am Augustiener Burgerheim ugefaangen, wou d’Erstis de Comité kenne léieren an och schonn ënnereneen sech bëssen austausche konnten. Gläichzäiteg hunn d‘Oldies sech hiren eegene Brunch organiséiert, wou sie et sech och gutt goe gelooss hunn. Wéi mir dunn fäerdeg giess haten, goufen d’Erstië bësse verkleet, dass se och gutt erkennbar fir jidderee sinn. Dono hu mir eis a Richtung Odeonsplatz gemaach… Weiterlesen »Réckbléck: Welcome Day 2017