Réckbléck: Foire de l’étudiant

Den 9. an 10. November huet et vill Studienintresséierter an d’Luxexpo gedriwwe fir d’alljäerlech Foire de l’Etudiant. Nieft Entreprisen di Reklamm fir sech maachen, waren och erëm Representante vu Cerclë vu bal all Stied wou ee Lëtzebuerger fanne kann. Natierlech war de LSM och mat 8 Leit an engem schéin dekoréierte Stand dobäi. Während zwee Deeg hate mir d’Éier eis wonnerschéi Stad an top Unien un intresséiert Leit ze presentéieren. Zemools Donneschdeg war do souvill Nofro op eisem Stand dass mer deelweis net méi nokomm sinn. Mee mir hoffen trotzdeem dass mer vill zukünfteg Studente vu München iwwerzeege konnten.


(quell: wort.lu)