Réckbléck: Welcome Day 2017

Eis grouss Erëffnung vum Joer 2017/2018, de Welcome Day, wou mir déi nei Erstien zu München begréisse konnten, stoung erëm un. Dat ganzt huet gemittlech um 10 Auer mat engem Brunch am Augustiener Burgerheim ugefaangen, wou d’Erstis de Comité kenne léieren an och schonn ënnereneen sech bëssen austausche konnten. Gläichzäiteg hunn d‘Oldies sech hiren eegene Brunch organiséiert, wou sie et sech och gutt goe gelooss hunn.

Wéi mir dunn fäerdeg giess haten, goufen d’Erstië bësse verkleet, dass se och gutt erkennbar fir jidderee sinn. Dono hu mir eis a Richtung Odeonsplatz gemaach wou mir um 12.30 Rendezvous mat den Oldies haten. Nodeems mir dunn eng Gruppe Foto gemaach hunn, huet de eigentleche Rallye ugefaangen. 85 Studenten hunn sech de Spaass net entgoe gelooss a goufen a 5 Equippen opgedeelt, déi vum Christian Dengeler, Philippe Schaltz, Tom Schanen, Max Closner a Jerry Lambert ageféiert gi sinn.

De Rallye ass duerch déi ganz Staat gaangen wou d’Equippe verschidden Aufgaben erfëlle missten. Op dem Wee si sie och op 5 Statioune gestouss, wou sie sech flotte Spiller an tricky Froe stelle missten. Och wann de Spaass ëmmer un éischter Platz stoung, hunn d’Equippen awer alles gi fir um Enn alles Gewënner vum Rallye gekréint kennen ze ginn.

Scho bal ongewinnt ass, dass den Zäitplang vum Rallye genau opgaangen ass an all d’Equippe pénktlech um 20 Auer beim Wassermann waren, wou eist Owesiesse stattfonnt huet. No intensivem Auswäerte vum Rallye ass dunn och d’ Gewënner Team verkënnegt ginn, dem Philippe Schaltz seng Grupp. Dunn huet den aktuelle Comité d’Geleeënheet genotzt de fréiere Comités Membere mat engem klenge Kaddo Merci ze soe fir hier Aarbecht. Als gudder Lescht goufen all d’Erstis nach dem gesamten LSM virgestallt a kruten ee Welcome Bag mat Gadgete vun eise Partner. Den Owend ass entspaant ausklénge gelooss ginn, an déi lescht sinn eréischt gaangen, wéi de Wassermann d’But zou gemaach huet.