
D’Lëtzebuerger Studenten zu München, kuerz den LSM, sinn an Tëschenzäit gutt 200 Studenten. Gegrënnt gouf den LSM virun enger gudder Zäit vun enger Handvoll Studenten, déi eng Plattform ubidde wollten, wou sech Studente kenneléieren an austausche kënnen.
Traditionell soll de Cercle also Kontakter erméiglechen, Informatiounen ubidden a fir een ongezwongent Matenee suerge fir déi ëmmer méi grouss Gruppe vu Studenten, déi op München kommen. Nieft dësen Ziler probéiert eise Cercle natierlech och méi wéi de Standard-Programm unzebidden.
Aktuelles
Aktuell Informatiounen an Réckblécker vun eisen Events

Réckbléck: Stee
De 6. Dezember war et déi 2. Kéier zu München souwäit: Eis blo Kindle si versteet ginn! Sou…

Réckbléck: Tollwood Stammdësch
Bei niddregen Temperaturen hu mir eis de 4. Dezember um Tollwood Winterfestival eis Hänn mat enger gutt waarmer…

Réckbléck: Soirée de Rencontre
De 27. November hu mir den Owend zesummen mat eisem Partner Drees & Sommer Luxembourg verbruecht. Nieft der…

Réckbléck: Wanter-Fräibéier
Samschdes, den 22. November war et dann endlech souwäit: De Fräibéier stoung virun der Dier. Owes ass an…

Réckbléck: Studentefoire
Den 30. an 31. Oktober war den LSM op der Studentefoire um Belval gutt vertrueden. Wärend deenen 2…

Réckbléck: Pubquiz
De 6. November ass et an der Klenze hëtzeg ginn, ëmmerhi waren d‘Käpp vun enger 60 Participante gutt…
Eventer
Den LSM bitt am Laf vum Joer eng ganz Partie Aktivitéiten an divers Reesen (Welcome-Day, Stammdësch, Skiweekend, Chrëschtfeier, etc.) un.
Informatiounen
Traditionell soll de Cercle Kontakter erméiglechen, do dernieft bidden mir awer eng sëlleg Informatiounen un, virun allem vir nei Studenten zu München.
Comité
Hannert dem LSM stécht den LSM-Comité: En Team bestoend aus 9 Leit déi all Joers vun den Memberen op der Assemblée Générale gewielt ginn.
Sport
Nieft deenen normalen Eventer kënnt och de sportlechen Aspekt mat Fussball, Volleyball a Basket, wärend dem Semester net ze kuerz.
Du muss angemeldet sein, um einen Kommentar zu veröffentlichen.