Réckbléck Volleyball-Tournoi

Am Englesche Gaart ass et de 27.06 bei eisem Volleyball-Tournoi hëtzeg zougaangen.🏐🔥

Eng 7 Ekippen si géinteneen ugetrueden an hunn trotz dem fréie Start um 10:00 an dem waarme Wieder, staark Leeschtungen erzielt.

Fir sech tëschent de Matcher ofzekillen, ass deen een oder anere bis an d’Isar gesprongen, mee och soss waren eis Sportler mat kalem Gedrénks gutt versuergt.🍻Duerch d’Musek a Supporter am Hannergrond, ass d’Motivatioun net gefall. No enger spannender Finall konnt sech schlussendlech d’Ekipp „wir sind gut genuuug“ duerchsetzen an ass als Gewënner ervirgaangen.🏆💓