Den 19. Juni hu mir eis am Augustiner am Dom fir eis Assemblée Générale getraff. Mat engem Faass Béier hu mir dunn d’Joer Revue passéiere gelooss, diskutéiert, an Iddie fir dat nächst Comitésjoer ausgetosch.

Nodeems eisen Ersti vum Joer gewielt ginn ass huet de Comité 2025/26 Äddi gesot, an dat mat enger emotionaler Ried vum Yann Windeshausen den als President de Comité déi lescht 2 Joer laang mat Engagement geleet huet. Mir soen op dëser Plaz dem ganze Comité villmools Merci dass si eis dat lescht Joer esou vill flott Momenter an Eventer erméiglecht hunn.💙💙💙

Um Enn gouf dann de Comité 2026/27 gewielt, den direkt mat voller Virfreed an dat neit Comitésjoer gestart ass. No der AG gouf den Owend dann nach mat engem leckeren Iessen am Augustiner an enger WM Watch Party an der Klenze ausklénge gelooss.

An de Comité gewielt goufen:

Ben Kieffer – President

Jo Flies – Tresorier a Vize-President

Sophie Arendt – Merch

Leo Engels – Sportsminister

Pit Rauchs – Team Event

Pol Seyler – Team Event

Kevin Fischbach – Team Event

Tim Glodt – Sponsoring

Noély Wiltzius – Social Media a Sekretärin

Mir freeën eis,

Äre Comité💙