Réckbléck: Pubquiz an der Klenze 2021

Eisen extrem beléifte Wanter-Pubquiz an der Klenze konnt dëst Joer den Donneschden, den 18. November stattfannen. Mat 9 Equipe à 5 bis 6 Persoune war d’Motivatioun visiblement do, a mat den 2 Euro Participationskäschte war de Gewënnerpreis och deementspriechend héich. An 8 verschiddene Kategorien, wou de Wëssensstand ënnert anerem an Themen wéi Geographie, Sport oder awer och Desserten (!) op d’Prouf gestallt gouf, huet sech all Equipe méi oder heiansdo och manner gutt geschloen (a geroden). Nodeem d’Equipe „Eng méi liesen…

Réckbléck: Ersti-Pubcrawl 2021

Den 21. Oktober haten mir eist éischt Event fir dëst Wantersemester, den Ersti-Pubcrawl. Jiddereen, deen nei zu München ass, war agelueden, an hat déi éischt Méiglechkeet, déi aner Erstien, an den Comité, kennen ze léieren. D’Erstien hunn sech zesummen mam Comité um Odeonsplatz getraff, an opgedeelt an 4 Gruppen à 9 Erstien an 2 Comité-Memberen hunn se sech dann op den Wee gemaach, fir déi verschidden Caféen zu München ze entdecken. Den Pubcrawl gouf mat engem klengem Concours tëschent méi liesen…