Réckbléck: LSWü Intercercle

Den 13. Mee huet sech en Deel vum LSM op de Wee gemaach, fir de LSWü op hirem mëttlerweil 2. Intercercle ze ënnerstëtzen. Begréisst goufe mir mat engem Weintasting vum Julius Spital, wou een dat eent oder anert vum lokale Wäin léieren a schmaache konnt.


Dorops hin ass et lass gaange mat enger Stadrallye, wou et quer duerch den Zentrum gaangen ass, an di verschiddensten Aufgabe léise misst. Hei huet de LSM wierklech alles ginn, fir um Enn um Siegerträppchen ze stoen, wat sech géint der Owend als déidlech rausgestallt huet….Owes gouf sech am Restaurant rëm gestäerkt, éier et dann nach an d’Nuetsliewe gaangen ass.
Den Dag drop ware mer da rëm alleguer komplett, fir zesummen ze brunchen, an d’Gewënner vum Rallye ze bestëmmen. An do huet sech eng Equipe mat Münchener als d’Nummer 1 duerchgesat! Siegestrunken ass et da rëm zréck an déi schéinste Stad vun der Welt gaangen.

Mir soe Merci un de LSWü fir d’Organisatioun, an hoffen, si och am September op eisem Oktoberfest-Intercercle begréissen ze kënnen!