Réckbléck: Pubquiz

Den Donneschden huet eisen alljärleche Pubquiz an der Klenze stattfonnt. Bei ënnerschiddleche Kategorië wéi zum Beispill Sport, Musek a Lëtzebuerg konnten 11 Equippen hiert Kënne beweisen. Um Enn huet awer nëmmen een Team de Präis mat Heem geholl an zwar „déi Equipe déi mir perséinlech am beschtem gefält“. Déi zweet lescht Equipe „Never gonna quiz you up“ krut ee Shot als Trouschtpräis spendéiert.