Réckbléck: Welcome-Day 2023

Eis Erstien hu sech scho moies fréi fir den Ersti-Brunch an den Augustiner Bräustuben getraff. Nodeems mir eis mat engem gudde bayresche Frühstück 🥨 gestäerkt hunn ass et op den Odeonsplatz gaangen. Vun do aus hunn sech déi 6 Gruppen op de Wee duerch ganz München gemaach. Ënnerwee konnte si hirt Wëssen, hir Drënkkënscht an hir Koordinatioun op Prouf stellen. 🍺 Déi eng méi, déi aner manner voll, koume mir am Augustiner Keller un. Als Ofschloss hu mir gutt giess an d’Gewënner-Ekipp gouf annoncéiert. Mir felicitéieren der Grupp „Durstlöscherinnen“ fir hir Victoire. Merci u jiddereen de matgemaach huet! 🥳