Réckbléck: Ersti-Pubcrawl

Den Ersti-Pubcrawl huet en Donneschde mat 40 Erstien um Odeonsplatz gestart. Vun do aus hunn sech 4 Gruppen op de Wee an d‘Maxvorstadt gemaach. Do hunn si d‘Oldies a verschiddenen Baren a Caféen ugetraff an den éischten Androck vum Münchener Nuetsliewe kritt. 🥳Um Schluss hu mir eis nach eng Kéier all zesumme mat den LSM Memberen an eiser Stammbar der Klenze getraff. Hei ass dunn och de Gewënner gekréint ginn a si kruten hire Präis iwwerreecht. Et war een immens flotten a lëschtegen Owend. 🍻